Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Parquet Courts - Tenderness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fred Keup ass neien ADR-Parteipresident

ADR-Kongress

Fred Keup ass neien ADR-Parteipresident

De Fred Keup ass neien President vun der ADR. Den Deputéierte gouf de Sonndeg Moien um Nationalkongress vun der Partei zu Réiser als Nofollger vum Jean Schoos gewielt.

auto_stories

3 min

No néng Joer un der Spëtzt vun der Partei hätt hien decidéiert, fir enger neier Generatioun Plaz ze maachen, sou de Président sortant Jean Schoos bei senger Usprooch. Domat kéint d'ADR mat frëschem Wand an d'Superwaljoer era goen. Deemno gouf et nieft dem Fred Keup als neie Parteipresident nach weider Changementer am Nationalvirstand vun der ADR: De Vizepresident Mario Daubenfeld gouf vun direkt véier Vizepresidenten ersat: dem Jean Schoos säi Meedchen, Alexandra Schoos, den Tom Weidig, d'Pierrette Koehler an den Dan Hardy. Den Alex Penning gouf als Generalsekretär erëm gewielt, den Detlef Xhonneux bleift Tresorier.

D'Wale fir d'Erneierung vum Nationalcomité goufen iwweregens zweemol ofgehalen. Wéinst engem Feeler um éischte Stëmmziedel, den Dan Hardy stoung zweemol drop, gouf decidéiert, fir den éischten Tour als ongülteg ze deklaréieren an de Vott mat neien Ziedelen ze widderhuelen.

D'ADR gesäit sech am Opwand

An de leschte Méint hätt d'ADR e substantiellen Zouwuess erlieft, esouvill wéi zanter Joerzéngten net méi. Vum 1. Januar un bis de 16. Mäerz wieren 78 nei Membere bäikomm. Domat hunn elo 1.473 Persounen eng Memberskaart vun der ADR. Dat wier en Zeechen, datt d'ADR um richtege Wee léich, huet den neie President Fred Keup betount. D'Partei géif ville Leit am Land eng Stëmm ginn, déi aner Parteien hinnen net méi géife ginn.

Anescht wéi déi aner Parteien géif d'ADR nach fir hir Wäerter antrieden an se verdeedegen, huet och de Fraktiounspresident Fernand Kartheiser a senger Interventioun gemengt. Gemengt war domat virun allem d'Verfassungsreform. Déi véier gréisste Parteien hätten Walversrpieche vun engem Referendum gebrach. Déi nei Texter géifen näischt daachen, an et wier kee politesche Courage do fir se ze bremsen, sou de Fernand Kartheiser. Et géif alles dofir gemaach ginn, fir d'Verfassung nach virun den nächste Walen duerch ze boxen.

Solidaresch mat der Ukrain

Aner Sujeten um ADR Nationalkongress waren dann d'Energie- an d'Wunnengspolitik. Do krute virun allem déi Gréng Kritik of.

Den ADR-Nationalkongress huet sech da solidaresch mat der Ukrain gewisen. Russland hätt mat der Attack op d'Ukrain oppe mam internationale Recht gebrach, d'ADR géif dat verurteelen, war et d'Ausso vum elo Ex-President Jean Schoos. Den Nationalkongress huet an deem Kontext och eng Resolutioun gestëmmt, an där ënnert anerem Ënnerstëtzung fir déi ukrainesch Flüchtlinge gefuerdert gëtt an d'Schafung vun engem Fong fir den Neiopbau vun der Ukrain. Och d'Méiglechkeet vun engem eventuellen EU-Bäitrëtt vun der Ukrain misst analyséiert ginn.

D'ADR gëtt sech iwwerdeems och en neien, multilinguale Gremium, deen op nationalem Plang aktiv wäert sinn: d'ADR Internationale, fir auslännesche Bierger eng Plattform ze ginn fir kënnen aktiv mat ze schaffen.