Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR-Generalsekretär warnt viru Spléckung vun der Partei

Intern Konflikter

ADR-Generalsekretär warnt viru Spléckung vun der Partei

"Ech fannen d'Aussoe vun der Madamm Mischel parteischiedegend a si si falsch", esou huet den ADR-Generalsekretär Alex Penning op d'Aussoe vun der aler an neier Presidentin vun den ADR Fraen reagéiert.

auto_stories

2 min

D'Sylvie Mischel gouf un d'Spëtzt vun der Fraesektioun vun der ADR zeréckgewielt

D'Linn vun der ADR par Rapport zur Asyl- an Immigratiounspolitik wier kloer definéiert, an dat wier och d'Linn vum Parteipresident a vum Generalsekretär, seet den Alex Penning. Et wier net wouer, datt d'ADR-Parteispëtzt d'Politik vum Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn géif bëllegen, ënnersträicht den Alex Penning.

Wann de Fernand Kartheiser an d'Sylvie Mischel "esou weidermaachen", da géife si d'Partei spléckeN, warnt den Alex Penning. Wéinst der aktueller Stëmmung bei der ADR kéint och hie sech virstellen, datt weider Memberen demissionéieren. Vun engem Richtungssträit wëllt de Generalsekretär awer net schwätzen.

Facebookpost: "en ligne" mam Walprogramm

D'Sylvie Mischel fuerdert am 100,7-Interview e Wiessel un der Spëtzt vun der ADR. D'Parteispëtzt hätt sech net virun hir Leit gestallt, an dat hätt vill Leit schockéiert, seet d'Sylvie Mischel. Et wier awer och fir d'Partei net nozevollzéien, "datt ee Member aus der Exekutiv, deen e Post mécht, deen en ligne ass mam Walprogramm vun der Partei, datt deen attackéiert gëtt."

Et wier net gutt, wann d'Wieler net wéissten, fir wéi eng Migratiounspolitik d'Partei steet, esou d'Presidentin vun den ADR Fraen. "Dat heescht, do gëtt et e Vertrauensverloscht, an dee Vertrauensverloscht sollte mer net mathuelen an déi nächst Walen."

Sylvie Mischel wëllt eng nei Parteispëtzt

Den ADR-President Jean Schoos an de Generalsekretär Alex Penning hate virun e puer Wochen en ëmstriddene Facebook-Message vun der Sylvie Mischel ëffentlech kritiséiert. Dat hätt zu enger "Mir géint si"-Diskussioun an der Partei geféiert, seet d'Sylvie Mischel. Si fuerdert dofir, datt d'Parteispëtzt elo "erneiert" gëtt.

Den Alex Penning sot eis, och hien hätt am Moment wëlles bis 2022 Generalsekretär vu senger Partei bleiwen.