Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher & Maxime Delpierre - Drips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR: "D'CSV riskéiert 18.000 Leit virun de Kapp ze stoussen"

Verfassungsreferendum

ADR: "D'CSV riskéiert 18.000 Leit virun de Kapp ze stoussen"

D'CSV misst hiert Verspriechen, e Referendum ze declenchéieren, aléisen, seet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser - och wann de Seuil vu 25.000 Ënnerschrëfte bei der Petitioun fir e Verfassungsreferendum haut net erreecht gëtt.

auto_stories

2 min

De Fernand Kartheiser rechent net domat, datt d'Petitioun fir e Verfassungsreferendum de Seuil vu 25.000 Ënnerschrëften erreecht. Et géif hie "wierklech wonneren", wann déi Grenz bis Mëtternuecht erreecht gëtt.

Et wëll een net un d'CSV eruntrieden

Den ADR-Deputéierte fuerdert d'CSV awer op e Referendum ze declenchéieren, och wann de Seuil dee si gesat hat, net erreecht gëtt. D'CSV hätt nämlech virun de leschte Wale schonn e Referendum versprach:

"Et ass e Problem fir d'CSV, well wa si elo higeet, a seet 'dat geet eis net duer', da stéisst si 18 000 Leit virun de Kapp. (...) Wann déi och elo nach eng Kéier enttäuscht ginn, huet d'CSV d'Leit gläich zwee mol enttäuscht: Eng Kéier doduerch datt se hiert Walverspriechen net anhält, zweetens doduerch datt se dann iwwer 18 000 Leit nach eng zweete Kéier virun de Kapp stéisst."

D'Majoritéitsparteien an d'CSV ware sech eens ginn d'Verfassungsreform an der Chamber ze stëmmen, ouni datt e Referendum organiséiert gëtt.

D'ADR wéilt awer net u Membere vun der CSV-Fraktioun eruntriede fir si vun engem Referendum ze iwwerzeegen:

"Mir mëschen eis net an Interna vun anere Parteien an. Et ass awer eng Saach vun der CSV, well si sech elo selwer an déi Zwangssituatioun gestallt hunn fir hir Verspriechen entweder zwee mol ze briechen oder nëmmen ee Mol. Dat ass u sech déi Wiel, déi se hunn wann se net op de Wee vun engem Referendum ginn. A fir déi aner Parteien, déi dat Versprieche gemaach hu gëllt dat och. Eis Positioun ass: Versprach, ass versprach, a gëtt net gebrach!"