D'Police an d'Famill hunn no der Persoun gesicht, déi sech net weider beweegen a net kloer ausdrécke konnt. Et huet e puer Stonne gedauert, bis se vun engem CFL-Mataarbechter konnt lokaliséiert ginn.
Chauffeur hätt net dierfte fortfueren
Do wiere kloer Feeler geschitt, sot am 100,7 Interview d'Annick Trmata, Directrice Adjointe am Transportministère. Ënner anerem hätt am Bus vun Adapto missen eng Begleetpersoun sinn, wat awer net de Fall war. Dofir hätt de Chauffeur guer net dierfe fortfueren. D'Annick Trmata aus dem Ministère erkläert och, datt de Chauffeur géif behaapten, d'Cliente selwer hätt him am Bus gesot, si net beim Altersheem eraus ze loossen, mee eben op där Plaz, um privaten Terrain vu den CFL.
De Ministère géif elo zesumme mat Adapto kucken, datt all d'Personal vun deem Service nach emol un déi bestoend Reegelen erënnert gëtt, an datt déi virgesinnen Ofleef iwwerpréift a wann néideg klarifizéiert ginn, fir dofir ze suergen, datt esou en Tëschefall net méi ka virkommen.
Et soll een näischt iwwerstierzen
Et wier net ausgeschloss, datt d'Famill vun där betraffener Persoun am Rollstull eng Plainte mécht, seet d'Annick Trmata.
Wat de Chauffeur ugeet, wier och net auszeschléissen, datt hie seng Plaz bei Adapto verléiert. Et sollt een awer näischt iwwerstierzen. De Chauffeur wier an der Vergaangenheet ni negativ opgefall, an hätt, éischten Erkenntnisser no, senge beschten Intentiounen no gehandelt.