Fir den CSV-Deputéierte Claude Wiseler ass eng vun de wichtegsten Ännerungen, datt d'Fluchgesellschaften obligéiert ginn, d'Passagéierlëschten direkt un d'Santé ze schécken, wa si um Findel landen, an net just op Demande vum Ministère.
Wann ee Passagéier positiv getest gëtt, hätt een esou d'Méiglechkeet séier ze reagéieren.
Politesche Konsens
De Claude Wiseler ënnersträicht, datt keng gréisser politesch Ännerungen am Text virgesi sinn, mee éischter technescher.
Déi geplangte Verlängerung wier politesch net ëmstridden, esou och de President vun der Gesondheetskommissioun a Rapporter Mars Di Bartolomeo (LSAP).
Ännerungen am Dateschutz
Diskutéiert gouf an der Kommissiounssitzung och iwwer d'Theema Dateschutz, och wéinst dem kriteschen Avis vun der Mënscherechtskommissioun.
Am aktuellen Text kéinte Situatiounen entstoen, datt Donnéeën eréischt no sechs Méint hätte missten anonymiséiert ginn. Am neien Text wier preziséiert ginn, datt dräi Méint net iwwerschratt kënne ginn.
Donieft soll preziséiert ginn, datt eng Visière aus Plastik net als vollwäerteg Mask unzegesinn ass, dat well se net den néidege Schutz géif garantéieren, esou nach de President vun der Santéskommissioun.