Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Vill Stagiairen um Punkt fir opzeginn"

Grondschoul

"Vill Stagiairen um Punkt fir opzeginn"

Well si déi zousätzlech Laascht vum neie Stage net packen an aus Angscht virun den Epreuven, sinn - oder waren - vill jonk Enseignanten drop an dru fir de Beruff opzeginn, soen d'Gewerkschaften SNE-CGFP an SEW-OGBL. Allerdéngs ginn d'Meenungen auserneen, wat dem Educatiounsminister Claude Meisch seng Ännerungen um ëmstriddene Stage betrëfft.

auto_stories

3 min

Reaktioun Gewerkschaften Stageplay_arrow

No Gespréicher mat Formateuren a Stagiairen huet den Educatiounsministère erausfonnt, datt vill jonk Enseignanten déi zousätzlech Laascht vum Stage net packen an Angscht virun den Epreuven hunn.

No nëmmen engem Joer zënter en Kraaft ass, gëtt de Stage elo geännert. Ënnert anerem ginn d'Coursen um IFEN (Institut de formation de l'Education nationale) zu Walfer vun der nächster Rentrée un anescht verdeelt.

"De Claude Meisch ass um richtege Wee"

D'Gewerkschaften haten den dräi-Joer-Stage an der Grondschoul scho viru senger Aféierung schaarf kritiséiert. "Ganz vill Saache sinn och schif gelaf", erkläert de President vum SNE-CGFP Patrick Remakel. Dofir hätt ee sech mat den Acteuren um Terrain ofgeschwat. Den Educatiounsminister Claude Meisch hätt op "ganz vill Punkten" de Virschléi vun der Gewerkschaft, fir de Stage nozebesseren, Rechnung gedroen . "Hien ass also um richtege Wee".

Fir den SNE-President wier dem Minister näischt aneschters iwwreg bliwwen, wéi ze handelen. "Mir hu vu ville Stagiairen héieren, datt se extrem belaascht waren an datt se ee Moment nogeduecht hunn, fir opzehalen". D'Gewerkschaft hätt se awer encouragéiert, fir weider ze maachen, "well mir den Drock beim Minister géifen héich halen", sou de Patrick Remakel. Hien hofft, datt duerch déi decidéiert Ännerungen um Stage an der Grondschoul et fir d'Stagiairen "erëm méi vivabel gëtt".

"Dramatesch Situatioun"

De Patrick Arendt, Vize-President vum SEW-OGBL, schwätzt vun enger "dramatescher Situatioun" ënnert de Stagiairen am Fondamental. "Ganz vill Stagiairen trieden un eis erun a soen, si wieren am Gaang z'iwwerleeë fir opzehalen, well se komplett iwwerfuerdert sinn an deem Drock net gewuess sinn".

Déi éischt Joren als Enseignant hätt ee just Zäit, fir sech ëm seng Klass ze bekëmmeren. Mat deem neie Stage, deen zënter der leschter Rentrée a Kraaft ass, wier dat net méi de Fall. "Déi Stagiairë mussen sech haaptsächlech op hire Stage konzentréieren: se musse kucken, datt se hir Course maachen, hir Aarbechten ofginn, datt se oppassen, fir net duerchzefalen", seet de Patrick Arendt.

"Prinzip vum Stage iwwerhaapt net geännert"

De Minister Meisch hätt mat sengen Adaptatiounen elo just probéiert, e bëssen Drock erauszehuelen, sou den SEW-Gewerkschaftler. "Um Prinzip vun deem Stage - dat wat déi Stagiairë krank mécht - ass iwwerhaapt näischt geännert ginn". Et kéint net drëms goen, datt do Exame gepackt ginn.

"De Stage ka just dofir do si fir deene Jonken an hirer éischter Phas, wou se ufänken an dee Beruff eranzeklammen, ze hëllefen." Fir de Patrick Arendt hätt den Educatiounsminister ee Chaos produzéiert, deen hien elo wéilt vertuschen.