Radioen

On air

Notturno  |  The Black Progression - Morphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Acteuren um Terrain gesinn nach Diskussiounsbedarf

Labele vu regionale Produiten

Acteuren um Terrain gesinn nach Diskussiounsbedarf

Den aktuelle Projet vum Landwirtschaftsministère iwwer déi geplangte Labele vu regionale Produiten, wier eng "Mogelpackung", esou d'Kritik vum Mouvement Ecologique. Am Virfeld hätt et kee richtegen Dialog mat alleguer de betraffenen Acteure ginn, esou verschidden Acteuren. De Regierungsrot huet de Projet um Mëttwoch nach net ugeholl.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / volodymyrshtun

De Regierungsrot huet de Projet vum geplangte Label fir regional Iesswueren nach net ugeholl. De Projet wier prinzipiell guttgeheescht gi mee et géifen nach Detailer tëscht dem Landwirtschaftsministère an dem Ëmweltministère gekläert ginn, heescht et am Landwirtschaftsministère. D'nächst Woch géifen et Prezisioune ginn.

Mam aktuelle Projet soll festgeluecht ginn, wéi eng lokal Produiten e Label kréien a wéi eng net. Dat op Basis vun de Kategorien Ëmweltschutz, Regionalitéit a Qualitéit. Mee hei géif et am aktuelle Projet e Widdersproch ginn, seet d'Blanche Weber. Zil vun engem Label misst et sinn, grad déi Baueren ze ënnerstëtzten, déi op all den Niveauen eng Verbesserung usteieren. Dat wier mam aktuelle Projet net de Fall, esou d'Presidentin vum Mouvement Ecologique.


Lauschterenplay_arrow


Et géif den Androck vermëttelt ginn, datt een duerch de Label den Déiereschutz wéilt stäerken. An der Realitéit wier de Label awer no der Devise verdeelt ginn, "mir wëllen, datt sech all Produzent hei kann erëmfannen, an dofir maache mir d'Krittären esou niddereg, wéi et nëmme geet, fir datt och jiddweree matmaache kann", esou d'Presidentin vum Mouvement Ecologique. "Dat ass am Ablack d'Philosophie vum Landwirtschaftsministère vill ze vill, an dat geet eigentlech op d'Käschte vun all deene ganz ville Baueren, déi méi wëlle maachen", seet d'Blanche Weber.

Domat wier de Label, ënner den aktuelle Krittären, weder eng Plus-value fir d'Baueren, nach fir de Konsument. D'Blanche Weber betount iwwerdeems och, datt d'Labeliséierung net wéi gewënscht dobäi hëllefe géif Qualitéitswuer an d'ëffentlech Ausschreiwungen, wéi beispillsweis Kantinnen, ze kréien.

Bauerenzentral gesäit och nach Diskussiounsbedarf

Der Bauerenzentral no gëtt et nach Diskussiounsbedarf, fir datt dee geplangte Label vu lokale Produiten effektiv eng Plus-value fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft duerstellt. Bio Lëtzebuerg bedauert sengersäits, datt si net an den Diskussiouns-Prozess vum Projet mat agebonne goufen. Aktuell schéngt nach onkloer, wéi d'Labele wierklech eng Plus-value fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft bréngt, esou d'Josiane Willems, Directrice vun der Bauerenzentral.


Lauschterenplay_arrow


Suerge mécht sech d'Vereenegung virum allem iwwer déi europäesch Definitioun vun engem regionale Produkt. Dës zielt an engem 250 Kilometer groussen Ëmkrees a géif keen direkte Lien mat Lëtzebuerg garantéieren. Si plädéiert fir d'Preziséiere vum Begrëff "fir datt d'Lëtzebuerger Produiten och fir de Konsument méi kloer erkennbar ginn". D'Zil fir méi lokal Produiten an d'ëffentlech Restauratioun ze kréien dierft heibäi net aus den Ae verluer goen, esou d'Josiane Willems.

Datt Lëtzebuerger Produiten a Bauere misste méi gestäerkt ginn, mengt och d'Daniela Noesen, Directrice vu Bio Lëtzebuerg.

Net just déi regional Produktioun dierft dofir am Virdergrond stoen, mee och den Ëmwelt an Déiereschutz. Nëmmen esou kéint de Secteur Ressourcë schounen a resilient fir d'Zukunft ginn, esou d'Daniela Noesen. Bio Lëtzebuerg fäert iwwerdeems, datt de Label ze allgemeng gehale gëtt an doduerch u Wierkung verléiert.