arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ACL: "D'Entreprise solle bei der E-Mobilitéit méi agebonne ginn"

Mobilitéit

|
reading time

1 min

ACL: "D'Entreprise solle bei der E-Mobilitéit méi agebonne ginn"

Den Automobilclub ass dofir, datt d'Entreprisen bei der Ëmstellung op d'Elektromobilitéit méi staark agebonne ginn.

reading time

1 min

De Beruffsverkéier wier den Haaptgrond fir d'Stauen zu de Spëtzenzäiten, dofir wier et sënnvoll, wann d'Betriber géifen en Uspriechpartner fir Mobilitéitsfroen designéieren, esou den ACL-Direkter Jean-Claude Juchem.

"Dee weess, wat d'Mobilitéit kascht, dee weess, wat d'Mobilitéit vun Alternativen kann offréieren, deen d'Informatioun vis-à-vis vun de Mataarbechter mécht, deen och Recommandatioune vis-à-vis vum Patron selwer mécht, dee weess, wat den CO2-Footprint ass, dee kann hëllefen dat ze erklären. Dat wier eng Funktioun, déi kéint déi ganz Prise de conscience, datt mer all Deel vun der Léisung sinn, beschleunegen."

Hybride ressourcëschounend benotzen

Den Automobilclub begréisst, datt d'Regierung de Kaf vun Elektroautoen weider mat enger Primm vun 8.000 Euro ënnerstëtzt. Alles wat dozou bäidréit d'Elektromobilitéit méi attraktiv ze maachen wier ze begréissen, esou den ACL-Direkter Jean-Claude Juchem.

De Kaf vu Plug-in-Hybridautoe gëtt awer just nach bis Enn des Jores finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Dat fënnt de Jean-Claude Juchem nëmme bedéngt sënnvoll: vill Leit géifen sech wéinst steierlechen Avantagen e Plug-In kafen, mee d'Batterie vun hirem Auto da praktesch ni oplueden, esou den ACL-Direkter.

Hie schwätzt sech dowéinst dofir aus de System ze änneren, an d'Leit finanziell ze belounen, wann se hiren Hybrid ressourcëschounend benotzen.