Chamberwahlen 2018 ACL ass fir dräispueregen Ausbau vu bestëmmten Autobunnen

"Eng Rei Parteien hunn eigentlech net ganz vill Iddien an hunn e bëssen op eis Revendicatioune gewaart", seet de President vum Automobilclub. D'Mobilitéit wier awer e grousst Thema an déi meescht Parteie géifen dëse Sujet ganz seriö ugoen, stellt den Yves Wagner am Virfeld vun de Chamberwahle fest. Verschidden ACL-Fuerderunge wiere praktesch tel quel an enger Rei Partei-Programmer iwwerholl ginn.

Serge Kesseler / cz

Yves Wagner
Yves Wagner

De President vum ACL ass deemno ganz zefridden, well Fuerderunge vun der Asbl mat hiren iwwer 180.000 Memberen a verschiddene Wahlprogrammer erëmzefanne sinn.

"Et ass natierlech ëmmer nëmmen e Programm. Et muss ee kucken, wéi dat duerno an der Realitéit ass." Et géif awer och eng Rei Dispositioune ginn, mat deenen den ACL manner d'Accord ass.

Dozou gehéiert d'Iddi fir méi eng héich Besteierung vu Verbrennungsmotoren: déi Lénk wëllen ëmweltschiedlech Gefierer, wéi den Diesel, méi staark besteieren.

Statistiken iwwer Accidenter feele weider

Bei der ACL-Fuerderung no enger Datebank mat Detailer iwwer d'Ursaache vun den Accidenter hei am Land, hätten et an de leschte Jore praktesch keng Fortschrëtter ginn, bedauert den Yves Wagner.

Et hätt ee mat der aktueller Regierung dacks driwwer geschwat, d'Propositioune wieren eigentlech och positiv opgeholl ginn, konkret wier awer näischt geschitt. Fir den ACL bleift dës Propos awer weider eng vun den Haapt-Revendicatiounen.

ACL fir Ausbau vun Autobunnen op dräi Spuren

Den Automobilclub ass fir een dräispuregen Ausbau vu bestëmmten Deeler vun den Autobunnen. Hien ass sech bewosst, datt dat e kontroverst Thema wier, dat awer nëmmen, well et schlecht presentéiert wier.

"Mir gesinn dat am ACL mat eisen Depannagen: do wou mir ganz grouss Problemer hunn, dat ass eben op Autobunnen, wou mir keen Accès hunn, wann en Accident passéiert, fir den Depannage ze maachen. An de Stau kënnt ganz oft doduerch, datt déi Autoen net séier kënne geraumt ginn."

Dowéinst verlaangt den ACL méi breet Autobunnen, fir méi séier a méi sécher Depannagë kënnen ze maachen.

"Gutt Aarbechtsklima"

Wat den Automobilclub mat sengen 150 Mataarbechter ugeet, huet de President ënnerstrach, datt den Aarbechtsklima de Moment gutt wier. Der Asbl géif et och finanziell erëm gutt goen, no Restrukturéierungen, Aspuerungen a wéinst nach ëmmer villen neie Memberen. Den Automobilclub plangt och fir nei Standbeen am Süden an am Norde vum Land opzebauen.

ACL ass fir d'Méiglechkeet vu Sammelkloen

Den Automobilclub ass iwwregens och dofir, datt am Lëtzebuerger Recht d'Méiglechkeet vu Sammelkloe geschaaft gëtt. An deene meeschten europäesche Länner géif et dës Méiglechkeet ginn, esou den Yves Wagner. An an deene meeschte Wahlprogrammer stéing, datt een an dës Richtung wéilt goen.

An der Mediathéik:

Chamberwahlen 2018 / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Autobunn
Chamberwahlen 2018

All d'Autobunne solle laangfristeg op sechs Spuren ausgebaut ginn. Dat versprécht d'CSV am Virfeld vun de Wahlen. Wéi realistesch ass dat? Wat soen déi aner Parteien?

Camion
Aktivitéitszon Contern

Fir d'Aktivitéitszon zu Contern ze entlaaschten, wéilt d'Regierung zesumme mat den Entreprisen e Konzept ausschaffen, seet de François Bausch. D'Konzept wier e Gesamtpackage mat verschiddenen Approchen.

Malik Zeniti
Logistik

D'Autobunnen zu den Nopeschlänner ausbaue wier eng Léisung fir de Stau, deet den Direkter vum "Cluster for Logistics". Eng aner méiglech Mesure wieren zäitlech gestaffelt Aarbechtszäiten.

Simone Asselborn-Bintz
Chamberwahlen 2018

D'Simone Asselborn-Bintz (LSAP) deelt d'Positioun vun hirem Parteikolleg Georges Engel. Sollt iwwer de Käerjenger Contournement nach virun de Wahlen ofgestëmmt ginn, da géif si dee Projet ofleenen.

80 Stonnekilometer
Tempolimitt op de Landstroossen

Dat fuerdert d'Sécurité Routière op zweespurege Landstroossen. Lëtzebuerg hätt kee gudde Bilan, wat d'Verkéierssécherheet ugeet. Dës Vitesslimitatioun kéint hëllefen dat z'änneren, seet de Paul Hammelmann.

Traffic Jam
Verkéier

Mam ville Stau op de Stroossen hunn och Schüler all Dag ze kämpfen. Si brauche mam ëffentlechen Transport ëmmer méi laang bis an d'Schoul. Eng Iddi ass et, d'Schoul um néng Auer unzefänken.

Stau
Réckbléck op d'Verkéierssituatioun 2017

D'Stauen um Lëtzebuerger Stroossereseau haten dëst Joer Rekordausmoossen. Wéi eng Virstéiss gouf et dëst Joer, fir den Autotrafic méi sécher ze maachen a wéi eng Mesurë si fir d'Zukunft geplangt?

Pierre Reyland Kommentar
Wirtschaftskronik

An der Lëtzebuerger Verkéiersproblematik gëtt de Frontalierstrafic als een Haaptproblem genannt. En ass e Symptom vum Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell. Konkret Mesurë sollen de Stau elo verhënneren.

Stau
Verkéier

Ponts et Chaussées analyséiere momentan, ob déi maximal erlaabte Vitesse um Autobunnsreseau während de Spëtzestonne limitéiert soll ginn. D'Zil ass méi Sécherheet a manner Stau.

scuto.JPG
mobilité douce

2015 gouf hei am Land en ambitiéist Gesetz fir d'Promotioun vun der doucer Mobilitéit ugeholl. Mä an der Praxis sinn déi politesch Responsabel an der Logik vum Vëlo als Fräizäitbeschäftegung bliwwen.

Thull-Schaaf
Gemengewahlen 2017

Déi Ettelbrécker CSV fuerdert vun der Regierung séier Pläng fir eng Umgehungsstrooss a Richtung Feelen. Déi Ettelbrécker Gréng wëllen op aner Mesurë setzen, dorënner déi douce Mobilitéit.

Table-Ronde: Logement a Mobilitéit
Gemengewahlen

Méi bezuelbare Wunnraum an nei Mobilitéitskonzepter sinn néideg: An där Analys si sech d'Gemengepolitiker eens. Bei de Léisungsvirschléi ginn et awer Differenzen tëscht de Parteien.

Stau zu Bréissel um Ring Analys
Verkéiersproblematik zu Bréissel

All Joer kaschten d’Verkéiersproblemer ronderëm Bréissel déi Belsch Economie iwwer eng hallef Milliard. Léisungsvirschléi ginn et scho laang. Wa se net ëmgesat ginn, riskéiert d'Situatioun ze kippen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen