Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prekär Situatioun fir d'Chargé-de-coursen

Gewerkschaften SEW an ACEN übe Kritik

Prekär Situatioun fir d'Chargé-de-coursen

D'Astellungspolitik vum Educatiounsministère steet net am Aklang mam Aarbechtsgesetz. Dat kritiséieren d'Gewerkschaften OGBL an SEW souwéi och d'ACEN. D'Situatioun fir Chargé-de-coursë mat engem CDD wier prekär, well si ouni Aussiicht op ee CDI den CDD ëmmer erëm verlängert géife kréien. Virun allem am Enseignement Musical géif et hei op d'Spëtzt gedriwwe ginn.



auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


De Ministère géif hei eng besonnesch Ofännerung am Artikel L. 122-5 vum Code de Travail ausnotzen, déi et ausschliisslech am Enseignement erlaabt, een zäitlech begrenzte Kontrakt méi wéi zweemol ze verlängeren. Och wann dobäi den Zäitraum vu 24 Méint iwwerschratt gëtt.

Weder Ënnergrupp nach Sonderreegelung

De President vun der ACEN Luc Wildanger wier besuergt doriwwer, datt am Enseignement ëmmer erëm Sonderreegelungen entstoe géifen.

"Et ass ëmmer sou, datt dann eng Hannerdier opgemaach gëtt, datt eng Ënnergrupp gemaach gëtt, datt eng Ausnam gemaach gëtt. An deem heite Fall soe mir ganz einfach: mir wëllen iwwerhaapt keng Ausnam sinn, mir wëlle keng Sonderreegelung a mir wëllen och ni méi an eisem Liewen eng Ënnergrupp sinn."

Et wéilt een déi selwecht Rechter hunn wei aner Employéë beim Lëtzebuerger Staat, seet de Luc Wildanger.

Enseignanten ouni gültege Kontrakt

Virun allem am Enseignement Musical géif et hei op d'Spëtzt gedriwwe ginn: hei hätt bal ee Véierel vun de Chargé-de-coursen nëmmen een CDD.

Ee CDD géif eng Rei prekär Situatioune fir déi betraffe Chargé-de-coursë mat sech bréngen. Sou wier et zum Beispill enorm schwiereg, ouni festen Aarbechtskontrakt ee Prêt vun enger Bank ze kréien, oder eng Wunneng ze lounen.

Dobäi kéim nach, datt vill Chargé-de-coursë Méint laang op d'Ausbezuele vun hirer Paie waarde géifen an a kenger Krankekeess ageschriwwe wieren.

Schlëmmer wier awer nach, datt et och dacks vir géif kommen, datt jonk Enseignantë ganz ouni gültege Kontrakt ufänke géife mat schaffen. Dëst, well d'Kontrakter reegelméisseg fir d'Rentrée einfach nach net prett wieren, kritiséiert de Luc Wildanger.

"Do musse mir net driwwer diskutéieren, datt dat aarbechtsrechtlech illegal ass, Leit schaffen ze loossen, déi nach kee Kontrakt an der Hand hunn an nach kee Kontrakt ënnerschriwwen hunn. Dat geschitt awer ëmmer erëm."

Den Educatiounsministère ass gefuerdert

Gläichzäiteg kéint et dann och virkommen, datt d'Kuere missten ausfalen, well d'Leit wéinst engem feelende Kontrakt net pünktlech kéinten ufänke mat schaffen. Béid Fäll si fir de Luc Wildanger net akzeptabel.

"Béides ass mat absolutter Sécherheet keng gutt Léisung."

Fir strukturell a laangfristeg Léisungen ze fannen, bräicht et den néidege politesche Wëllen. Hei wier virun allem den Educatiounsminister Claude Meisch gefuerdert.

Mee vill Demande-d'Entrevuë mam Educatiounsministère géifen ongeheiert bleiwen, wéi och déi lescht vum 7. Februar, esou nach d'SEW an d'ACEN.