Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - Mars To Liverpool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ACEL: Verbesserungsvirschléi fir Stage-Gesetz

Studentevertriedung

ACEL: Verbesserungsvirschléi fir Stage-Gesetz

Dat sougenannte Stage-Gesetz wier wuel eng gutt Saach, mee bei der Ëmsetzung awer och beim Gesetz selwer wier nach Sputt no uewen, esou d'Ann Bertemes am 100,7-Interview. Si gouf gëschter als nei Presidentin vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studenten-Cerclen ACEL gewielt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zanter 2020 gesäit d'Gesetz vir, datt e Student fir en obligatoresche Stage ab der véierter Woch 30 Prozent vum Mindestloun bezuelt kritt.

ACEL wëllt verstäerkt informéieren

Verschidde Betriber hätten awer heifir einfach kee Budget virgesinn, an och net all Patronen a Studente wéissten iwwerhaapt, datt et esou e Gesetz géif ginn, seet déi nei ACEL-Presidentin Ann Bertemes.

Si wéilt deemno verstäerkt informéieren, virop op de soziale Medien. Weider wéilt een déi verschidde Cercle gesinn, mee och am Lycée wéilt een heiriwwer opklären.

D'Presidentin vun der ACEL hofft, datt en neit Stage-Gesetz nach virun Enn 2023 komme géif an huet fir deen neien Text eng konkret Fuerderung: Wie mam Masterstudium fäerdeg ass, soll duerno nach wärend engem Joer ee Stage kënne maachen.

Energiepräisser an Digitaliséierung vu Guiden

D'Stage-Gesetz wier awer net den eenzegen Dossier, mat deem ee sech am neie Joer wéilt méi intensiv beschäftegen, seet d'Ann Bertemes.

Et géif een den Ament op Réckmeldunge vu Studente waarde fir ze gesinn, ob ee bei de klammenden Energie- a Liewenskäschten net och misst Léisunge siche fir ze hëllefen.

D'ACEL géif och doriwwer nodenken, hir Guiden ze digitaliséieren, aktuell ginn déi nämlech nach gedréckt. D'nächst Joer wéilt een dat konkret ugoen.

Do misst ee sech awer mat engem Partner zesummesetze fir ze kucken, wéi een dat praktesch kéint ëmsetzen, deemno wier et och elo näischt wat fir de September kéint prett sinn, esou nach déi nei ACEL-Presidentin Ann Bertemes.