162 ukrainesch Famille wieren de Moment iwwer d'Rout Kräiz an enger eegener Wunneng logéiert déi vu Privatleit oder ëffentlechen Institutiounen zur Verfügung gestallt gëtt, 89 Famille géife weiderhi bei enger Famille d'acceuil - also mat Privatleit ënnert engem Daach -wunnen, erkläert d'Nadine Conrardy.
"Mir gesinn natierlech elo no an no dass d 'Leit soen: 'Vläicht bräicht ech mäi Logement elo awer'."
Aner Leit wiere bereet fir méi laang Leit an hire Wunnengen ze logéieren, mee dann zum Beispill iwwer eng aner Formule wéi d'Gestion locative sociale, sou d'Nadine Conrardy.
Et goufe Progrèse gemaach
D'Ënnerbrénge vun den ukrainesche Famille wier awer net vun Ufank un esou gutt gelaf, erënnert sech déi Responsabel vun der Croix-Rouge. Bei der Vermëttlung hätt et deels laang gedauert.
"Mir stellen dann awer och fest, datt do wou mer eis bësse méi Zäit geholl hu fir den Echange ze maache mat esouwuel den - ech soe lo mol - de Lëtzebuerger Residanten, wéi och de Leit déi dann eben aus der Ukrain komm sinn, datt et do vläicht och e bësse méi durabel war, well se sech awer scho méi Gedanke gemaach hunn, wat heescht dat wierklech mat engem ënnert engem Daach wunnen."
Pragamatesch Léisunge fannen
Nieft de Ronn 700 Leit déi bei Privatleit ënnerkomm sinn, zielt d'Croix-Rouge aktuell eng 750 Ukrainer an hire Flüchtlingsstrukturen. Virun allem dat sougenannt Bâtiment T um Kierchbierg, ee fréiert Gebai vum europäesche Geriichtshaff, war an de leschte Méint a Kritik gerode wéinst Problemer mat de sanitären Installatiounen an Heizungen.
"Et wäert ni esou sinn dass d'Leit soen: 'Hei wunnen ech gären, hei ass et wierklech optimal', well einfach ze vill Leit an engem Gebai sinn."
Deelweis géife ronn 800 Leit déi op engem Site betreit ginn.
Fir nach besser mat de verschiddene Acteuren um Terrain kënnen zesummen ze schaffen a pragmatesch Léisunge bei Problemer ze fannen, hofft déi Responsabel vun der Croix-Rouge an Zukunft op manner komplizéiert Prozeduren. Virun allem hofft si awer, datt d'Situatioun an der Ukrain nees besser gëtt.