De Premier a Medieminister Xavier Bettel hat decidéiert den Deputéierte vun der Mediekommissioun mol net am Huis clos de ganze Konzessiounsvertrag mat RTL ze weisen. Dogéint hat den Deputéierte vun de Piraten um Verwaltungsgeriicht geklot a gehofft, datt d'Geriicht sech géif mam Fong auserneesetzen, wat awer elo net geschitt ass. "Mee dofir gëtt et de Wee vum Appell, an dee wäerte mir elo och weidergoen", esou de Sven Clement.
D'Riichter soen an hirer Decisioun och, datt virun der Klo net all d'Moyenen, wéi zum Beispill d'Enquêtëkommissioun, genotzt goufen. Dat wier dem Deputéierte Sven Clement no iwwerdriwwen.
"Engersäits acceptéiere mir jo d'Confidentialitéit an hunn dofir gefrot fir et an engem Huis clos presentéiert ze kréien; eppes wat mat engem MoU vu Google zu Biissen jo funktionéiert huet. Wisou net hei? A wat d'Enquêtëkommissioun ugeet, hale mir dat fir bëssen iwwerdriwwen fir all Kéier eng Enquêtëkommissioun mussen ze maachen, wann et ëm d'Kommunikatioun vun engem eenzegen a spezifescht d'Dokument geet."
Eng Commission d'accès aux documents fir d'Chamber?
Falls de Sven Clement och am Appell net géif virukommen, da misst ee sech d'Fro stellen, wéi eng aner Moyenen et iwwerhaapt fir d'Deputéierter géife gi fir d'Regierung ze kontrolléieren. De Sven Clement nennt zum Beispill
Datt mir an der Chamber selwer eng Commission d'accès aux documents géife constituéieren, déi esou Demandë géifen traitéieren, an déi dofir géif suergen, datt d'Deputéiert all Dokument, dat de Staat ënnerschreift, och kéint consultéieren. An der Verfassung steet 'les traités secrets sont abolis'."
Deemno sollten et dem Sven Clement no och keng nei geheim Kontrakter tëschent Staat an den Drëtte ginn, déi laanscht Chamber géife funktionéieren.