Déi staatlech Subventioun beim Bau vun abordabele Wunnenge läit bei 75 Prozent, a fir ze verhënneren datt déi Wunnengen awer zum Marchéspräis kënne verkaf ginn, mussen déi Promoteuren déi Wunnenge 40 Joer laang verlounen.
Déi ëffentlech Promoteure kënne par Konter d'Wunnenge verkafen an zwar u Stéit déi verschidde Krittären erfëllen. Dobäi gëllt fir all Wunneng de Prinzip vum Bail emphythéotique iwwert 99 Joer.
Gemengen "nëmmen als Soustraitant consideréiert"
Kritesch vis a vis vum Gesetz war den CSV-Deputéierte Marc Lies dee sech méi Ënnerstëtzung fir d'Gemengen erwaart hätt. Datt d'Gemenge keng Loyers-Recette méi dierfe generéiere fënnt hien eng "gelongen Approche".
"Wann Gemenge wierklech als reelle Partner an net nëmmen al Soustraitant ze consideréiere gewiescht wieren. Dann hätt dëst Gesetz definitiv e gutt Gesetz kënne ginn."
Nei Lëscht vu Stéit déi eng Demande areeche kënnen
Eng grouss Ännerung gëtt et dann elo wat d'Lëscht vun de Stéit ugeet déi eng Demande areeche kënnen, fir eng subventionéiert Wunneng ze lounen. Mam Gesetz gëtt ee gemeinsame Regëster geschaaft, de RENLA.
Dee wäert de bail social consultéieren a Krittäre wéi d'Urgence d'Kompositioun vum Haushalt an d'geographesch Laach berécksiichtegen, erkläert d'Semiray Ahmedova vun déi Gréng.
"De Bail muss och déi sozio-ekonomesch d'Allocatiounskrittäre berécksiichten."
Nieft de Subventioune beim Bau ginn et awer och Subventioune beim Encadrement vun de Stéit déi jee no sozialer Situatioun eng spezifesch Hëllef brauchen.