Radioen

On air

Notturno  |  Selvagem - Tamanqueiro

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarmut: En Tabuthema?

Chamberwahlen 2018

Aarmut: En Tabuthema?

All d'Parteie si géint Aarmut an ze grouss sozial Inegalitéiten. Mee vill Wahlprogrammer evitéiere méi sensibel Aspekter vun dëser Thematik, notamment d'Inegalitéite vum Patrimoine. Eng Analys vum Pia Oppel.

auto_stories

3 min

D'Pia Oppel fënnt, datt ee Gesamtbléck op d'Thematik Aarmut feelt. Foto: Archiv.

Den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg ass déi lescht Joren tendenziell geklommen, op iwwer 16 Prozent am Joer 2016. All zéngten Awunner verdéngt während iwwer véier Joer manner wéi 60 Prozent vum mediane Revenu. A fir dezent ze liewen, bräicht een däitlech méi Suen, huet eng rezent Etüd vum Statec erginn.

Sozial Transferte wierken deem entgéint, notamment hëllefen d'Chèques-servicen, datt manner Leit vum Aarmutsrisiko betraff sinn.

Sozial Inegalitéiten: En akut Thema

D'Croissance ass zanter 2013 nees méi staark de Leit mat klenge Revenuen zegutt komm, trotzdeem sinn d'sozial Inegalitéite fir déi nächst Legislatur een akut Thema, seet de Statec-Direkter. Nach däitlech méi staark wéi bei de Revenue sinn dem Serge Allegrezza no iwwerdeems d'Ongläichheete beim Patrimoine, also dem Besëtz vun Immobilien a finanziellem Kapital: Op där enger Säit wieren dat Froen, déi "e bëssen tabu" wieren, an op där anerer Säit hätt een nach net genuch erfuerscht, fir eppes doriwwer kënnen auszesoen. Dëst wier awer d'Basis "fir eng Diskussioun doriwwer ze féieren".

Dat spigelt sech och an de Wahlprogrammer erëm. Besteierung vun Ierfschaften an direkter Linn, vu Verméigen, vun Dividenden oder anere Kapitalrevenue ginn dacks guer net erwäänt oder explizit ausgeschloss.

Ierfschaftssteier a Verméigenssteier

"Wir sagen Nein zur Einführung der Vermögenssteuer für Pirvatpersonen.", seet d'CSV, déi bis elo just Extraiten aus hirem Wahlprogramm publizéiert huet. "Die DP wird (..) die Erbschaftssteuer in indirekter Linie entsprechend der Inflationsentwicklung in der Vergangenheit nach unten anpassen. Darüber hinaus lehnt die DP eine Erbschaftssteuer in direkter Linie strikt ab.", seet d'DP. ADR a Konservativ positionéiere sech ähnlech. D'Piraten an déi gréng soen näischt dozou, mat Ausnahm, datt déi gréng et fir méiglech hale Kapitalrevenue fir de Finanzement vum Pensiounssystem ze besteieren.

Eng Ausnahm sinn hei déi Lénk an d'KPL, déi de Patrimoine op ville Punkte méi staark wëlle besteieren. D'LSAP seet, si wéilt Aarbecht a Kapital "méi gerecht" besteieren. Dat soll awer net duerch méi Steieren op Kapital, mee duerch eng Entlaaschtung an Opbesserung vu klenge Revenue geschéien. LSAP, CSV, déi gréng, déi Lénk, KPL a Pirate schwätze sech grondsätzlech fir eng Hausse vum Mindestloun aus - mat ënnerschiddlech präzise Virschléi. D'ADR an d'Pirate wëllen, datt um Mindestloun keng Steiere méi ufalen.

D'Steierreform: Nobesserungsbedarf

Wéi d'Steierreform, déi 2017 a Kraaft getrueden ass, sech op d'sozial Inegalitéiten auswierkt, misst een nach ofwaarden, seet de Statec-Direkter Serge Allegrezza. Déi dräi Regierungsparteie gesinn op ënnerschiddleche Punkten nach Nobesserungsbedarf: D'DP wëllt d'Betriber an d'Mëttelschicht weider entlaaschten. déi gréng mengen, datt eventuell nach méi misst gemaach ginn, fir den Aarmutsrisiko vu Monoparentauxen ze reduzéieren. An d'LSAP wëllt kleng a mëttel Revenuen entlaaschten. Eng Hausse vum Spëtzesteiersaz gëtt vu KPL (56 Prozent), déi Lénk (48 Prozent) a Piraten (keen Taux) gefuerdert.

déi Lénk wëllen d'Steieravantagë fir Stock Options ofschafen. CSV, DP, déi gréng an LSAP wëllen dës Steieravantagë fir grouss Salairen méi restriktiv applizéieren.

Gesamtbléck op Thematik feelt

Eng Reform vun der Grondsteier gëtt a quasi alle Programmer erwäänt, ouni chiffréiert Modeller fir eng aner Besteierung vu bebauten an onbebauten Terraine feelen awer. Obwuel am blo-rout-grénge Regierungsprogramm esou eng Reform versprach gouf, hunn d'Iddien zum Thema sech zanter de leschte Wahlen also net konkretiséiert.

Fir sozial Inegalitéiten duerch nei oder reforméiert Sozialleeschtungen ze reduzéieren, fënnt ee vill verschidde Proposen an de Wahlprogrammer. Allgemeng fält op, datt ee Gesamtbléck op d'Thematik feelt. Déi blo-rout-gréng Koalitioun wollt mat enger iwwergräifender Analys Kloerheet iwwer den Impakt vun alleguerten de Sozialtransferte schafen, wat awer net geschitt ass.