Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt d'Aarbechtszäit verkierzt?

Sozialdialog

Gëtt d'Aarbechtszäit verkierzt?

Den LSAP-Wirtschaftsminister a Vize-Premier Etienne Schneider seet, hie wéilt iwwer d'40-Stonne-Woch diskutéieren. D'Unioun vun den Entreprisen wëll um Modell festhalen. OGBL an LCGB wëlle sech nach net äusseren.

auto_stories

2 min

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet den 11. Januar op der Neioersreceptioun vun der LSAP ugedeit, datt an nächster Zäit méi konkret iwwert nei Aarbechtszäitmodeller géif diskutéiert ginn. Et misst een ënner anerem doriwwer nodenken, ob weider misst un der 40-Stonne-Woch festgehal ginn, oder net.

"Laut OECD ass Lëtzebuerg dat produktiivst Land an der OECD. A mir wëllen, dass wa mir an dee Prozess ginn an eis nach méi digitaliséieren a mir nach méi produktiv ginn, dass dee Méi u Produktivitéit net just bei de Patronen ukënnt, mee e muss och bei den Arbeitnehmer ukommen. Sief et, dass ee muss Paie revaloriséieren. Sief et, dass ee muss iwwer Aarbechtszäiten nodenken - ob mer weider op der 40-Stonne-Woch musse bleiwen oder net. Ech mengen, de Claude Haagen huet eng Ouverture an deem Sënn gemaach, wéi en am Kader vum Budget säi Rapport presentéiert huet. Dowéinst mengen ech, dass dat 2017 eng Rei flott an interessant Diskussioune wäerte ginn - souwuel mat de Gewerkschaften ewéi och mat de Patronen."

Etienne Schneiderplay_arrow

D’Patronat ass net bereet, der Regierung bei neien Diskussiounen iwwert d'Aarbechtszäit entgéint ze kommen: Sou reagéiert de Jean-Jacques Rommes, Generaldirekter vun der Unioun vun den Entreprisen (UEL). De Jean-Jacques Rommes seet, d'Regierung hätt bei den Diskussiounen iwwert Aarbechtszäiten all Kredibilitéit verluer. Si kéint sech deemno net erwaarden, dass d'UEL hir do entgéint géif kommen.

"Ech gesi wierklech net iwwer wat do mat eis soll geschwat ginn a wou dat geréngst Entgéintkomme vun eis kann erwaart ginn. Ech gesinn och, firwat datt ee sollt d'40-Stonne-Woch verkierzen a wou do kéint d'Plus-value sinn an dësem Abléck. Dat halen ech souwisou net fir eng gutt Diskussioun. Mee et misst een d'Diskussioun féieren an enger Gesamtdiskussioun doriwwer wéi d'Aarbechtszäiten kéinten ausgesinn an enger digitaliséiert Welt. Mee ech hätt léiwer den Här Schneider géif sech do un der Silicon Valley inspiréieren, wou e jo oft ass, anstatt hei dem OGBL seng Iddien wëllen de Lëtzebuerger Entreprisen iwwer ze stülpen."

Jean-Jacques Rommesplay_arrow

D'Gewerkschaften OGBL an LCGB wollte sech op Nofro hinn nach net zu den Aussoe vum Etienne Schneider äusseren.