Radioen

On air

Kultur um 5  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbechtsminister: "Iwwer 6.000 Betriber hu Chômage partiel ugefrot"

Corona-Kris

Aarbechtsminister: "Iwwer 6.000 Betriber hu Chômage partiel ugefrot"

Iwwer 6.000 Betriber hu mëttlerweil eng Demande fir Chômage partiel bei der ADEM agereecht, seet den Aarbechtsminister Dan Kersch. Hie rechent domat, datt dee Chiffer nach weider klëmmt.

auto_stories

3 min

Den Dan Kersch (LSAP) ass Vizepremier an Aarbechtsminister. Foto: Archiv

D'ADEM géif elo mat Nodrock dru schaffen, fir all d'Demanden esou séier wéi méiglech ze traitéieren. Den Aarbechtsminister ënnersträicht, dat wier eng Erausfuerderung: An normalen Zäite géife just 25 bis 30 Betriber pro Mount de Chômage partiel ufroen.

Wéi vill Chômage partiel de Staat an den nächste Méint muss ausbezuelen, kéint een am Moment nach net soen, esou den Dan Kersch. Bis elo wiere 500 Milliounen Euro dofir virgesinn.

"D'Regierung ass däitlech an den Aktiounen"

"Mir wäerte wéinst der Kris keng Entreprise faillite goe loossen" - dat war eng Ausso vum franséische President Emmanuel Macron a senger Televisiouns-Usprooch e Méindeg virun aacht Deeg. D'Lëtzebuerger Betriber hunn en änlech staarke Message vun der Lëtzebuerger Regierung vermësst.

"Mir ware vläicht net esou däitlech an de Wierder, mee dofir ëmsou méi däitlech an den Aktiounen", sot de Vizepremier an Aarbechtsminister Dan Kersch. "Mir hunn net vill geschwat, mee mir hunn direkt gehandelt."

Lëtzebuerg wier dat éischt Land, wat flächendeckend Kuerzaarbecht deklaréiert hätt, an Dausende vu Betriber hätten direkt vun där Méiglechkeet profitéiert. "Ech mengen, dat ass eng direkt Hëllef a Milliounenhéicht, déi net nëmme versprach ass, mee déi och direkt wäert fléissen", seet den Dan Kersch. De Patronatsverband hätt dee Geste och unerkannt, gëschter op der Mini-Tripartite iwwer Video mat der UEL, OGBL an LCGB, esou nach den Dan Kersch.

Wéi vill Salariéë betraff sinn, kéint hien am Moment nach net soen. Hie geet och dovun aus, datt nach weider Demanden dobäi kommen. D'ADEM géif mat Nodrock dru schaffe fir all d'Demanden esou séier wéi méiglech ze traitéieren, mee "Dir kënnt Iech virstellen, wat dat fir eng Erausfuerderung ass fir d'Administratioun, fir esou séier wéi méiglech ze reagéieren".

Musse Loyere bezuelt ginn?

Wéinst der Corona-Kris kéinte vill Betriber an den nächste Méint Schwieregkeete kréien hir Loyeren ze bezuelen. Verschidde Gemengen hunn dofir ugekënnegt, datt hir Locatairë wärend der Kris kee Loyer musse bezuelen. De Vizepremier Dan Kersch seet, hie géif et e "flotte Geste"" fannen, wann och privat Proprietäre wärend der Kris op d'Loyere géife verzichten.

D'Proprietären hätte keen Interêt dorun, datt d'Geschäfter net méi kéinten opmaachen. "Esou gesinn ass et och a sengem eegene Sënn, wann een hei probéiert Solidaritéit ze üben." Et wier eng gemeinsam Ustrengung, fir datt d'Geschäfter, d'Betriber an d'Aktivitéiten esou séier wéi méiglech erëm zu 100 Prozent kéinte funktionéieren. "Dat ass eist gemeinsaamt Zil, mee dat kënne mer nëmmen erreechen, wa jiddweree bereet ass, elo e bëssen zeréckzestiechen."

D'Regierung kéint awer keen dozou forcéiere fir op de Loyer ze verzichten. "Mir si jo nach ëmmer an engem Rechtsstaat." Wann ee Proprietär drop géif halen, datt de Loyer bezuelt gëtt, dann hätt ee kee Choix, wéi ze bezuelen. Op d'Fro, ob et méiglech wier "ee virun d'Dier ze setzen", wier d'Regierung amgaang ze beroden. Doriwwer géif d'Regierung kommunizéieren, huet den Dan Kersch annoncéiert.

EU huet Finanzhëllefen accordéiert

D'EU-Kommissioun huet der Regierung gëschter accordéiert de Lëtzebuerger Entreprisë Finanzhëllefe vun insgesamt 300 Milliounen Euro zur Verfügung ze stellen. Et ass awer net ausgeschloss, datt dee Montant an den nächste Woche weider gehéicht gëtt, seet den Dan Kersch.

"Et muss een einfach wëssen, datt dat hei eng Kris ass vun engem Ausmooss, deen een am Moment net kann am leschten Detail ofschätzen." D'Lëtzebuerger Regierung wier bereet all d'Méiglechkeeten auszeschöpfe fir d'Betriber ze ënnerstëtzen, esou den Dan Kersch.