Ufank vum Mount haten d'Gewerkschaften an d'Chambre immobilière dëse Plang ënnerschriwwen. Dem Georges Engel no, goung et dobäi ëm ronn 1.000 Beschäftegter aus dem Immobilie-Secteur. Den Aarbechtsminister erënnert drun, datt et an dësem Secteur eng ganz grouss Konkurrenz gëtt. Et wier senger Meenung no elo net um Staat fir anzegräifen, mee de Maart misst dëse Probleem reegelen.
Wat déi ugefrote Kuerzaarbecht fir den Immobilie-Secteur ugeet, ënnersträicht de Minister, datt et net um Staat wier, de Leit Paien ze bezuelen, wann et Schwieregkeete ginn.
"Soss ass jo alles verstaatlecht. An deenen Zäite wou et manner gutt geet, do bezilt de Staat dann d'Paien a wann et da ganz gutt geet, ginn d'Beneficer awer net beim Staat hannerlooss."
De Minister confirméiert awer, datt wéinst den aktuelle Schwieregkeeten am Immobiliësecteur eng Rei Leit hir Plaz kéinte verléieren. Et wieren am Moment awer ganz vill Aarbechtsplaze fir Leit mat Qualificatioune fräi, sou den Aarbechtsminister.