Chamberwahlen 2018 Aacht Lëschten an alle Bezierker

Fir d'Chamberwahle vum 14. Oktober ass mat aacht Lëschten an alle Bezierker an enger zousätzlecher am Süden ze rechnen. D'FÖDP ass net méi am Rennen. D'Kandidature musse bis Mëtt August deposéiert ginn.

Jean-Claude Franck / cbi

Stëmmziedel
Foto: Bigstock / ra2studio

D'Parteien, déi dem aktuelle Stand no an alle véier Wahlbezierker kandidéiere wëllen:

  • CSV
  • LSAP
  • DP
  • déi gréng
  • ADR
  • Déi Lénk
  • KPL
  • Piratepartei gemeinsam mat PID

D'Kommunistesch Partei huet hir Lëschten nach net annoncéiert, mécht dat awer an den nächste Wochen, esou de KPL-President Ali Ruckert op Nofro hin. D'KPL géif an all de Bezierker untrieden.

Déi Konservativ (vum ex-ADR-Member Joe Thein) wëlle just am Bezierk Süden untrieden. Den 1. Juli wëlle si hir Kandidaten an hire Wahlprogramm virstellen.

FÖDP geet net mat an d'Wahlen

D'FÖDP ass net méi am Rennen: D'Fräi Ökologesch Demokratesch Partei hat annoncéiert am Süden unzetrieden, bréngt dat awer net fäerdeg. Dat sot de Vizepresident géigeniwwer RTL. Op eis Nofro hi seet de Steve Melmer, d'asbl géif nom Austrëtt vum President Ronald Mordiconi en neien Numm an eng nei Ausriichtung kréien. Et wéilt ee sech "wirtschaftspolitesch lénksradikal" positionnéieren, a gesellschaftlech "riets-moderat". De grénge Volet géife fale gelooss ginn. D'asbl huet dem Steve Melmer no nach 12 Memberen. Et wier d'Zil, fir am Joer 2023 bei de Chamberwahlen unzetrieden.

De Ronald Mordiconi sot eis, hie géif och un enger neier Partei schaffen. Déi géif fréistens bei den nächste Gemengewahle mat engem sozial-liberale Profil untrieden. Eng 15 Persounen hätte sech zesumme fonnt, dorënner fréier Membere vun DP, Piratepartei a PID.

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen