Radioen

On air

Notturno  |  Ben Sloan - Philistine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 81,5 Milliounen Euro fir Reamenegament vum Militärsite Waldhaff

Reamenagement

81,5 Milliounen Euro fir Reamenegament vum Militärsite Waldhaff

D'Reamenagement vum Militärcamp um Waldhaff wäert viraussiichtlech 81,5 Milliounen Euro kaschten. Dat huet de Verdeedegungsminister François Bausch virun der Press annoncéiert. De Militärcamp wier net méi zäitgeméiss an géing och net méi alle Sécherheets Standarde gerecht ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Gesetz fir d'Finanzéierung muss nach gestëmmt ginn - geplangt ass datt, d'Aarbechten nächst Joer solle lassgoe fir 2030 fäerdeg ze sinn. Een Drëttel vum Site, deen an enger Natura 2000 Zone läit, soll rëm renaturéiert ginn. De Recht soll op de neiste Stand gesat ginn, ënnersträicht de François Bausch.

D'Aarbechtskonditioune vun deene Leit déi do schaffe géife verbessert ginn. D'Stockage Capacitéite géifen optimiséiert ginn an d'Nato Krittären, déi 2023 gesat goufen, géifen erfëllt ginn.

Amenagementer justifiéieren héije Präis

13 Iglue solle wann et fäerdeg ass um Site stoen a jeeweils 13 Tonne Sprengkraaft stockéiere kennen, erkläert den Arméi Generol Steve Thull. Ënner Anerem soll och en NATO-konformen Zong vu bal zwee Kilometer de Site ofspären.

All déi Amenagementer géifen den héije Präis justifiéieren, erkläert den Thierry Hirtz vun der Administratioun fir ëffentlech Gebaier.

"Wichteg ass ervir ze hiewen, engersäits e gewëssen Demolitioune Aarbechten an awer Haaptsaach Amenagement Exterieur mat allen Infrastrukturen all déi héich komplex an techniséiert Ekipement de Sécurité, Perimeter."

E grousse Facteur wier och déi rezent Präisentwécklung, déi sech och op d'Konstruktioun ausgewierkt hätt.