Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 80 km/h och zu Lëtzebuerg?

Tempolimitt op de Landstroossen

80 km/h och zu Lëtzebuerg?

A villen europäesche Länner ass d'Vitesse op de bidirektionale Landstroossen op 80 Kilometer an der Stonn begrenzt. D'Sécurité Routière fuerdert scho méi laang sou eng Limitatioun fir Lëtzebuerg, sou de Paul Hammelmann.

auto_stories

2 min

Am Verwaltungsrot vun der Sécurité Routière géif dës Iddi scho méi laang diskutéiert ginn. Et géing ee sech un anere Länner inspiréieren, déi eng besser Statistik hu wéi Lëtzebuerg. Länner wéi Holland, Dänemark an Norwegen hunn aktuell schonn eng Limitt vun 80 Kilometer an der Stonn op de Landstroossen. An dëse Länner géif et manner dacks zu schlëmmen Accidenter kommen. Lëtzebuerg géing nach ëmmer zu de schlechte Schüler an Europa gehéieren, wat d'Verkéierssécherheet ugeet. D'Erofsetze vun der Vitesslimitatioun op de Landstroosse kéint een Zeechen setzen an hëllefen, fir den Taux vun de schwéier Blesséierten an den Doudegen no ënnen ze drécken, sou de Paul Hammelmann.

Keng nei Schëlter

Op de bidirektionale Stroossen, wou et keng Oftrennung an der Mëtt vun der Strooss géif ginn, sollt ee vun engem gewëssen Datum u net méi 90, mä 80 Kilometer an der Stonn fueren dierfen. Dofir bräicht een och keng nei Schëlter opzestellen. Op verschiddene Plazen, wou aner Vitesse méiglech sinn, ouni aner Leit a Gefor ze bréngen, kéinten och Exceptioune gemaach ginn. D'Propos vun der Sécurité Routière wier mat wéineg Opwand ze realiséieren, mengt de Paul Hammelmann.

Nei Mesuren néideg

D'Mesure vun de Radaren hätt scho gehollef, mengt de Paul Hammelmann. D'Fransousen hätten déi nei Mesure geholl, well d'Zuel vu schwéiere Verkéiersaccidenter a Frankräich nees an d'Luucht gaange wier. Dat wier och zu Lëtzebuerg de Fall. D'Radare géinge sech lues a lues abiergeren, mä mat der Zäit missten nei Mesurë geholl ginn, fir d'Sécherheet op der Strooss weider ze garantéieren. D'Mesure géif och gutt bei de Frontalieren a beim Transitverkéier gutt ukommen, mengt de Paul Hammelmann.

Eng Vitesslimitatioun vun 80 Kilometer an der Stonn op Lëtzebuergesche Landstroosse kéint ëmgesat ginn, den néidege politesche Courage a gesonde Mënscheverstand virausgesat. Hie mengt awer net, datt d'Mesure nach virun de Chamberwahlen am Oktober ëmgesat géif ginn, sou de Paul Hammelmann.