Radioen

On air

De Moien  |  Isobel Campbell - 4316

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 8,8 Milliarden Euro gi fir d'Wirtschaft "mobiliséiert"

Mesurë géint de Coronavirus

8,8 Milliarden Euro gi fir d'Wirtschaft "mobiliséiert"

De Wirtschaftsminister Franz Fayot schwätzt wéinst der Corona-Pandemie vun enger Wirtschaftskris. Et wiere Moyenen decidéiert ginn, wéi et se an deem Ausmooss nach net gi wier. D'Regierung versprécht finanziell Hëllefe fir d'Betriber an Héicht vun 1,75 Milliarden Euro. Am Ganze géifen 8,8 Milliarde "mobiliséiert" ginn.

auto_stories

3 min

1,75 Milliarden Euro solle schätzungsweis fir finanziell Ënnerstetzunge bezuelt ginn. Dorënner falen:

  • Chômage partiel fir zwee Méint: 1 Milliard Euro
  • Hëllefe fir Kleng- a Mëttelbetriber: ronn 300 Milliounen Euro
  • Congé pour raisons familiales: ronn 400 Milliounen Euro iwwer zwee Méint

4,5 Milliarden Euro soll de Staat eréischt méi spéit wéi geplangt erakréien, wéinst Reporten a Flexibilitéit bei Paiementer:

  • Report vu Steieravancen am éischte Semester: Retard vu Payement vun 1,25 Milliarden Euro
  • Flexibilitéit bei der TVA: 300 Milliounen Euro, déi méi spéit erakommen
  • Retard bei soziale Cotisatiounen: 3 Milliarden Euro

Dobäi komme staatlech Garantië vun 2,5 Milliarden Euro, esou de Pierre Gramegna. De Staat géif maximal dräi Milliarden Euro um Kapitalmarché ophuelen.

Eng Zomm vu jeeweils 5.000 Euro soll fir déi ganz kleng Betriber zur Verfügung gestallt ginn. Dës Sue mussen net zeréckbezuelt ginn. 50 Milliounen Euro kascht dat de Staat. Den néidege Formulaire steet op guichet.lu an dës Hëllef soll bannent 14 Deeg ausbezuelt ginn.

Hëllefe fir kleng-a mëttelgrouss Entreprisen

Déi zweet Seil un Hëllefe riicht sech un Independanten a kleng- a mëttelgrouss Entreprisen. Et ass eng Subvention en capital remboursable, eng Liquiditéitshëllef also. Kaschte léisst sech de Staat dës Mesure ronn 300 Milliounen Euro.

Maximal 500.000 Euro gi pro eligibel Entreprise ausbezuelt. Et muss e Plan de redressement virgeluecht ginn, sou de Lex Delles. Och dëse Formulaire wäert op guichet.lu ze fanne sinn, soubal d'Gesetz gestëmmt ass.

Am Laf vun der Woch géif en neien Outil online gestallt ginn, iwwer deen d'Entreprisen hir Demande fir Congé partiel kënnen eraginn. Vun elo u kënnen och Avancen ausbezuelt ginn, dat heescht datt d'Entreprisen de Congé partiel net méi misste virstrecken.

Onverständnis an Entrüstung iwwer d'Positioun vun der Union des Propriétaires

De Wirtschaftsminister Franz Fayot an de Finanzminister Pierre Gramegna

De Wirtschaftsminister Franz Fayot kritiséiert d'Ausso vun der Union des Propriétaires um 100komma7, datt d'Proprietairen elo mol sollten de Loyer afuerderen: "Ech sinn zimmlech entrüst iwwer déi do Positioun". "Mir sinn all gutt beroden op Solidaritéit ze setzen, well da geet et eis all besser", sou de Finanzminister Pierre Gramegna. De Mëttelstandsminister Lex Delles mécht en Appell un d'Locatairen an d'Proprietairë fir zesummen no Léisungen ze sichen.

Steierreform net prinzipiell a Fro gestallt

Dem Pierre Gramegna no géif de Spillraum fir d'Steierreform bestoe bleiwen, "mir hu Chance, datt mer Sputt hunn an der Verschëldung", sou de Finanzminister. Nach wier et awer ze fréi fir e Jugement ofzeginn, wéini d'Steierreform kéint decidéiert ginn. D'Aarbechten un der Reform géifen awer viru goen.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt "Corona-Bonds" oder Euro-Bonds

Lëtzebuerg géif iwwerdeems dat eventuellt Schafe vu sougenannte Corona-Bonds ënnerstëtzen, sou de Finanzminister Pierre Gramegna. Dat si Staatsobligatiounen, déi d'EU-Staaten zesummen op de Kapitalmarchéë géife placéieren an déi virun allem finanziell méi schwaachen EU-Staate géifen hëllefen u frëcht Kapital ze kommen.