Radioen

On air

Tockcity  |  Girl In Red - Doing It Again Baby

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "70 bis 90 Prozent manner Ëmsaz"

Corona-Pandemie

"70 bis 90 Prozent manner Ëmsaz"

D'Tankstellen hunn däitlech manner Clienten, seet de President vum Groupement Pétrolier Romain Hoffmann. Bannent zwee Méint kéint de Staat dowéinst 330 Milliounen Euro Recettë verléieren.

auto_stories

2 min

E groussen Deel vum Personal am Secteur hätt de Congé pour raisons familiales ugefrot, erkläert de Romain Hoffmann. Op verschiddene Statioune wier et schwiereg nach genuch Personal ze hu fir eng Tankstell ze bedreiwen. Op aneren hätt een ze vill Personal. Fir d'Personal wier d'Corona-Kris och eng Belaaschtung:

"De Grand Est ass jo déi Regioun am Frankräich, déi am stäerkste betraff ass vun der Pandemie. Dat heescht, datt do och ëmmer déi Messagë komme "bleift doheem", sou datt d'Leit net ëmmer verstinn, datt si awer nach an eisem Secteur musse schaffe kommen, fir déi essentiell Funktiounen nach kenne oprecht ze erhalen."

Praktesch all Tankstell, bis op déi op den Autobunnen, hätten hir Horairen ugepasst, well keng Clientèle méi do wier. Besonnesch betraff wieren d'Grenzstatiounen.

"Den Ëmsaz ass ganz staark agebrach. Souwuel um Sprit wéi och an de Shoppen. D'Demande zu Lëtzebuerg ass vill méi kleng ginn, well d'Chantieren all zou sinn. Am Ausland sinn d'Grenzen zou. Op de Grenztankstellen ass et ganz roueg. Do ass et eng Diminutioun vun 90 Prozent vum Ëmsaz."

Vill Statiounen hätten den Ament Schwieregkeete fir iwwerhaapt hir lafend Käschte gedeckt ze kréien. Dat, well den Ëmsaz an de Shoppen erofgeet an d'Margen um Sprit hei am Land fix sinn, erkläert de Romain Hoffmann:

"Dat si ronn zéng Cent de Liter, mat deenen alles muss bezuelt ginn. Natierlech ass dat elo d'Eenheetsmarge. Déi global Marge hänkt dovun of, wéi vill Liter ee verkeeft. A well d'Literen elo zeréckgaange sinn, huet een natierlech manner 'Recette Globale' gesinn."

De President vum Groupement Pétrolier geet dann och dovun aus, datt de Staat an deenen nächsten zwee Méint ronn 330 Milliounen Euro Recetten op den Accise vu Sprit, Tubak an Alkohol kéint verléieren.

Wat d'Restriktioune fir d'Economie an d'Beweegungsfräiheet vun de Leit méi laang géifen daueren, wat de Verloscht méi grouss gëtt, esou de Romain Hoffmann. Hie geet net dovun aus, datt an zwee Méint nees alles esou leeft, wéi virdrun.