Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Monophona - Elastic (I Do)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 70.000 Salariéë krute bis elo Chômage partiel accordéiert

Lëtzebuerger Wirtschaft

70.000 Salariéë krute bis elo Chômage partiel accordéiert

Iwwer 5.000 Betriber krute Chomage Partiel fir eng 70.000 Salariéen accordéiert, deelt d'Regierung mat. Accordéiert gouf bis elo eng finanziell Hëllef vu bal 150 Milliounen Euro.

auto_stories

2 min

Den Aarbechtsminister Dan Kersch

D'Hallschent dovunner si Betriber, déi wéinst der Corona-Pandemie verbuede krute Clienten ze emfänken: Zum Beispill Butteker, déi keng Liewensmëttel verkafen, oder Coiffeurssalonen.

Déi aner Hallschent si Betriber, déi am Fong weider dierfe schaffen, mee duerch de Stëllstand am ëffentleche Liewen awer staark a Matleedeschaft gezu ginn. All Secteure wieren do betraff, seet den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch op Nofro hin.

Dëst wier awer just den Ufank, esou den Dan Kersch, well ee groussen Deel vun den Demandë fir Chomage partiel nach misst traitéiert ginn.

"Ech rechnen domadder, datt dat heiten nëmmen ee Véierels, wann net souguer nëmmen ee Fënneftel vun den Demanden ass. Also et kënnt nach ganz, ganz vill no. An dee Chiffer, dee mir hei wäerten aus Solidaritéit vun de Betriber a vun de Salariéë verséieren, ass ee ganz considerabele Chiffer."

Och fir d'Independante wieren Aidë virgesinn, säitens dem Wirtschaftsministère. Fir Independanten, déi awer eigentlech vun engem Patron ofhänken, géifen nach Léisunge gesicht ginn.

"Dat ass d'Problematik vun de sougenannte 'Scheinselbststännegen', wou mer eng Rei Betriber hunn - an och där Grousser, deenen et wierklech gutt geet - déi sech drop spezialiséiert hunn, mat Independanten ze schaffen an op déi Aart a Weis Sécurité-Sociales-Käschten ze spueren. A wéi een et hei am ganz konkrete Fall gesäit, riskéiert dat zu Laaschte vun deene Leit ze goen. Dofir hu mir dat um Radar. Ech ginn dovunner aus, datt d'Regierung hei kuerzfristeg wäert eng Ënnerstëtzung fir déi Leit virgesinn. Mee si sinn net sou ofgeséchert, wéi alleguerten déi Leit, déi am Salariatsverhältnis sinn."

Dee Problem wier virun der Kris scho bekannt gewiescht a misst no der Kris agedämmt ginn.