Radioen

On air

Notturno  |  Paul Fox Collective - I'm Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 600 Belsch sollen aus Afghanistan evakuéiert ginn

Operatioun Red Kite

600 Belsch sollen aus Afghanistan evakuéiert ginn

Zanter enger Woch hunn d'Taliban d'Kontroll zu Kabul, der Haaptstad vun Afghanistan iwwerholl. Déi international Communautéit probéiert Dausende vun Auslänner aus dem Land ze evakuéieren. D'Belsch huet mëttlerweil véier Fligeren an der Regioun, fir den iwwer 600 Demandë fir eng Evakuatioun nozekommen. Bis ewell konnte 400 Leit aus Kabul ausgeflu ginn.

auto_stories

3 min

Dëse Samschdeg sinn déi éischt 34 Belsch aus dem Afghanistan zu Bréissel ukomm. Si si mat engem hollännesche Militärfliger aus Kabul evakuéiert ginn, ier d'Belsch selwer eng Presenz am Afghanistan organiséiert hat.

Mëttlerweil fléien dräi C-130 Transportfliger tëschent Islamabad, der Haaptstad vu Pakistan, a Kabul hin an hier. Vu Pakistan aus ginn dann d'Rapatriementer mat engem A400M op Bréissel organiséiert. Och Lëtzebuerg huet esou ee Fliger an d'Regioun geschéckt.

E Freideg war den offiziellen Optakt vun der Missioun Red Kite, mee wéinst de chaoteschen Zoustänn vum Hamid Karzai Flughafen zu Kabul konnt vun de véier geplangte Flich nëmmen een eenzegen duerchgefouert ginn. 16 Persoune goufen dobäi an de Pakistan evakuéiert.

Engersäits loossen d'Taliban wéineg Leit op de Flughafen, an anerersäits féieren déi amerikanesch Zaldote strikt a stonnelaang Identitéitskontrollen duerch.

Dëse Weekend konnten allerdéngs méi ewéi 400 Leit evakuéiert ginn, Belsch, Hollänner an och aner Nationalitéiten. Si wäerten haut zu Melsbroek landen, an duerno an enger Kasär administrativ a gesondheetlech gepréift ginn.

Evakuatioune kommen nëmme lues virun

D'Autoritéiten haten am Virfeld d'Belsch am Afghanistan schonn dräi mol opgefuerdert, d'Land ze verloossen: Enn Juli, Ufanks August, a Samschdes virum Muechtwiessel an Afghanistan. Trotzdeem gouf keng eenzeg Demande bei der belscher Ambassade am Pakistan agereecht fir evakuéiert ze ginn. Déi belsch Representatioun am Afghanistan ass schonn zanter 2014 zou, zanterhier ass d'Ambassade zu Islamabad fir den Afghaneschen Territoire zoustänneg.

E puer Deeg no der Victoire vun den Taliban koumen eng 600 Demandë bei der Ambassade eran, 300 dovunner koume vu Belsch, iwwer 200 vun Afghanen, mee och Hollänner a Lëtzebuerger mat belscher Famill hunn hir Demande geschéckt.

D'Belsch huet relativ spéit reagéiert an eréischt leschte Méindeg leschter decidéiert, Militärfligeren an Zaldoten an de Pakistan ze schécken, fir vun do aus Evakuatiounen ze organiséieren. Bis zu deem Zäitpunkt gouf ugeholl, datt déi belsch Staatsbierger vun aneren EU-Länner kéinten evakuéiert ginn.

Dësen organisatoresche Retard schéngt awer keng seriö Konsequenzen ze hunn: d'Situatioun um Flughafen zu Kabul ass nach ëmmer chaotesch. Den éischten Dag vun der Operatioun war d'Kapazitéit méi héich ewéi d'Nofro: zwee vun de véier Flich goufen annuléiert, et goufe just 16 Persounen evakuéiert.

Fir dat afghanescht Personal, dat jorelaang mam belsche Militär zesummegeschafft huet, hat déi belsch Regierung schonn am Mee eng Prozedur fir en humanitäre Visa autoriséiert. Eng bürokratesch a schwéier zougänglech Prozedur, sou eng international Vereenegung vun Iwwersetzer, an nëmmen eng eenzeg Famill hätt se viru Mëtt August benotzt.

D'Missioun hänkt vun Taliban an USA of

De Succès vun den Evakuatiounen hänkt zum Groussen Deel och vun der Kooperatioun vun den Taliban of, déi den Accès op de Flughafen zu Kabul kontrolléieren. Ouni auslännesche Pass sinn d'Chancë minim, fir bei de Flughafen duerchgelooss ze ginn. D'Chancë vun den Afghanen, déi jorelaang mat de westleche Kräften zesummegeschafft hunn, sinn domat ganz schlecht.

Et géif zwar Kontakter tëschent dem belschen Ausseministère an de Vertrieder vun den Taliban ginn, mee iwwer eventuell Gespréicher si keng Detailer bekannt. D'Belsch huet och d'Moyenen net, fir Leit beispillsweis mam Helikopter aus Afghanistan ze huelen. Et ass een also op den Accès op de Flughafen ugewisen.

D'Operatioun Red Kite hänkt awer och vun der Amerikanescher Arméi of, déi mat e puer Dausend Zaldoten de Flughafe vu Kabul kontrolléiert an d'Landegeneemegungen ausstellt. Si solle wéinstens bis Enn August dobleiwen.

D'Belsch huet sech an de leschten 20 Joer zesumme mat aneren europäesche Länner um Krich am Afghanistan bedeelegt. Déi séier Victoire vun den Taliban no 20 Joer westlecher Presenz hannerloosse bei de 16.000 belschen Zaldoten, déi aktiv um Terrain waren, e batteren Nogoût, wéi wann déi knapps 490 Milliounen Euro, déi d'Belsch an dësen 20-järege Krich investéiert hunn, fir d'Kaz wieren.