Radioen

On air

Tockcity  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 5G: Oflauschteren ass net a Fro gestallt

Kommunikatioun

5G: Oflauschteren ass net a Fro gestallt

D'Procureure générale d'Etat hat Enn Januar am 100,7-Interview viru Sécherheetsrisike bei 5G gewarnt. Et géif konkret de Risiko bestoen, datt mat der neier Technologie keng Verdächteger méi kéinten ofgelauschtert ginn, sou d'Martine Solovieff. Dee Verdacht kënnen Experten awer net confirméieren. D'Méiglechkeet ofzelauschtere wier net a Fro gestallt, soe si.

auto_stories

3 min

D'Martine Solovieff wier mat hirer Ausso engem Opruff vum Gilles de Kerchove, dem EU-Anti-Terror-Coordinateur gefollegt. Dat ass d'Aschätzung vum Benedikt Gollatz vum Epicenter.works, enger Dateschutz-NGO mat Sëtz zu Wien. An engem Dokument vum EU-Conseil fuerdert den EU-Antiterrorkoordinator d'Memberlänner op, Drock op Hiersteller vun Telekomsekipement an Netzbedreiwer auszeüben, fir Afloss op de Spezifikatiounsprozess vu 5G ze huelen.

Netzbedreiwer an Autoritéite si sech net eens

5G-Netzer si méi dezentral organiséiert - dat mécht et méi schwéier, Donnéeën erauszezéien. An den Diskussiounen, wéi een dat am beschten technesch organiséiere kann, si sech den Ament Netzbedreiwer an Autoritéiten net eens. De Prinzip, datt Kommunikatioune musse kënne ofgelauschtert ginn, géif awer vu kengem a Fro gestallt.

Deemno wiere beim 5G nach eng ganz Partie technesch Komponenten net gekläert. D'lescht Joer wier effektiv virun allem vill iwwer déi sougenannte Lawful interception - also eng legal Interceptioun diskutéiert ginn. Konkret geet et hei ëm eng Schnëttstell iwwer déi Autoritéiten a Kooperatioun mat den Netzbedreiwer Inhalter interceptéieren. D'Autoritéite wiere souwisou um Spezifikatiounsprozess bedeelegt, si hätten an deene Gremien awer keng Majoritéit vun de Stëmmen. Et schéngt deemno esou, wéi wa si sech op engem anere Wee Afloss wollte verschafen, sou de Benedikt Gollatz.

De Prozess ass ëffentlech an de Bendikt Gollatz huet sech ugekuckt, wien do wéi eng Ännerungsvirschléi mécht. Et geet ëm Detailer, seet hien. Zum Beispill, wéi d'Prozedur oflafe muss, wann Donnéeë mussen am Roaming interceptéiert ginn.

Prinzip vum Oflauschteren net a Fro gestallt

De Prinzip nämlech, datt kann interceptéiert ginn, deen ass onëmstridden. Dat seet och den Radu State. Hien ass Professer fir Informatik op der Uni Lëtzebuerg.

Wat sécher mat 5G géif änneren ass, datt een an Zukunft eng vill méi grouss Infrastruktur brauch, fir kënnen Interceptiounen ze maachen. Et gëtt also méi opwändeg. Hie rechent domat, datt een 100 Mol méi Donnéeë misst analyséiere wéi virdrun.

Gefor vun der Ofhängegkeet vun Huawei

Sécherheetsbedenken huet de Professer Radu éischter, wat de Fournisseur vun der Technologie ugeet. Fir den Ament géif et op der Welt zwee Operateuren (Ericsson an Huawei), wouvun deen eenzeg europäeschen, wat de Präis ugeet, net kompetitiv ass.

Et wéisst een net genee, wéi d'Technologie vun Huawei géif fonctionéieren. Dat wier engersäits problematesch, well een net iwwerpréiwe kéint, ob et an der Technologie eventuell Sécherheetsfaille gëtt, oder ob d'Méiglechkeet besteet, datt Acteuren Donnéeë kéinten offänken, déi dat eigentlech net dierften. Konkret gëtt sech Suerge gemaach, datt China den Dateverkéier systematesch kéint oflauschteren.

5G aus Dateschutzperspektiv ee Fortschrëtt

Aus Dateschutzgrënn wier 5G ze begréissen, seet awer de Benedikt Gollatz vun Epicenter zu Wien. Et gëtt zum Beispill méi schwéier Donnéeën ofzefänken, ouni datt den Netzbedreiwer eppes dovu weess. Insgesamt wier 5G méi sécher, wéi déi Generatioune virdrun.