58 Leit hunn an de leschten zwee Joer Euthanasie ugefrot. A 14 Fäll loung eng Disposition de fin de vie vir. An engem Fall huet et sech ëm eng Assitance au suicide gehandelt.
Eng Fro vun Informatioun
De Jean Claude Wiwinius, President vun der zoustänneger Kommissioun, gesäit allerdéngs keen direkte Lien zu der Covid-Pandemie. Déi allgemeng besser Informatiounslag hätt dozou bäigedroen, datt méi Leit Euthanasie ufroen.
An de meeschte Fäll waren déi concernéiert Leit iwwer 80 Joer al an haten eng onheelbar Form vu Kriibs. D'Leit sinn dann am léifste béi sech doheem gestuerwen.
De Rapport hält och fest, datt d'Euthanasien an alle Fäll an der Dignitéit ofgelaf ass an et och keng juristesch Onkloerheete gouf. Wat d'Recommandatiounen ugeet hätt et an der Kommissioun an eenzelne Fäll awer un den néidege Raimlechkeete gefeelt:
"Do hu mir awer e puer mol gemierkt, datt Patienten net konnten an hirem Spidol wou se ware bleiwen, well do refuséiert ginn ass, eng Euthanasie ze praktizéieren. Dann huet de Patient missen heem gefouert ginn. Par definition sinn dat jo Leit, déi doudkrank sinn,. Dat war net ëmmer ganz praktikabel an net ganz schéin."
Keen Euthanasie-Tourismus
War am Ufank nach gefaart ginn, datt d'Euthanasie-Offer zu engem reegelrechten Tourismus kéint féieren, sou ass dat net agetraff. Et misst een enke Kontakt tëscht dem Dokter an dem Patient bestoen, iert eng Euthanasie ka gemaach ginn.
D'Zuel vun den Dokteren, déi der Euthanasie zoustëmmen, bleift dann awer limitéiert. Si hëlt awer zou, sou nach d'Kommissioun. Wichteg wier hei, datt d'Doktere kloer iwwer d'Depenaliséierung an déi néideg administrativ Schrëtt informéiert ginn, sou nach e Rapport.