Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3G op der Aarbecht: Eng organisatoresch Erausfuerderung

Corona-Mesuren

3G op der Aarbecht: Eng organisatoresch Erausfuerderung

Vun dësem Samschdeg u gëllt an de Betriber den 3G-Prinzip fir all d'Mataarbechter. Fir Betriber mat dezentralen Aarbechtsplazen a wou d'Mataarbechter op Schichte schaffen, ass dat eng Erausfuerderung.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Dezentral Aarbechtsplazen a Salariéen, déi siwen Deeg op siwe musse schaffen: dat ass de Fall bei der Eisebunnsgesellschaft CFL. Een Drëttel vun den CFL-Mataarbechter schafft an de Büroen, déi aner zwee Drëttel schaffen um Terrain op ongeféier 50 verschidde Sitten.

Do hëlleft natierlech de Fait, datt d'Salariéen, déi dermat averstane sinn, sech op eng Lëscht kënnen androe loossen, wa se zum Beispill geimpft sinn oder geheelt sinn - déi brauche just eng Kéier duerch d'Kontroll erkläert d'Alessandra Nonnweiler, Spriecherin vun den CFL. Esou hätt een eng Léisung fonnt, datt een dës Informatioun op de Badge drop kéint setzen.

"Dat heescht mir brauchen net all Dag eng physesch Presenz a manuell Kontroll vun deene Läit ze maachen, mee dat steet op hirem Badge, mat deem se an déi verschidde Gebaier kënnen eragoen."

Fir déi aner Leit, déi sech net op dës Lëscht wollten androen, misst eng manuell Kontroll vum CovidCheck gemaach ginn.

Post: Kontrollere sollen d'Mataarbechter iwwerpréiwen

Och d'Post muss op ville Plazen d'Kontroll vun den Zertifikae kënne garantéieren, dowéinst gouf an all Service eng Persoun designéiert, déi de CovidCheck assuréiert.

Op de Schichte géif dee selwechte Prinzip gëllen, erkläert de Claude Olinger, Personalchef vun der Post: "do si Kontrolleren designéiert ginn, déi hunn d'Obligatioun fir d'Mataarbechter ze kontrolléieren". Bei der Post fält dës Aufgab den hierarchesche Cheffen zou.

D'Post-Telecom a Post-Lëtzebuerg beschäftegt am ganzen 3.400 Persounen. Net gewosst ass fir den Ament, wéi vill Leit effektiv net geimpft sinn, betount de Claude Olinger, et géif ee just wëssen, wéi vill Leit sech an d'Lëschten agedroen hätten - déi géife sech och no an no fëllen.

D'Post huet jo och eng Rei Filialen, ewéi déi, déi Päck transportéieren - déi Filiale ginn offiziell net vun der Zentralpost geréiert, an déi mussen dann och intern een eegene System opbauen.