Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 35-Stonne-Woch

Joresréckbléck

35-Stonne-Woch

Eng vun de politeschen Diskussioune vun 2022 war iwwer d'Verkierzung vun der Aarbechtszäit. Wat géif dat bedeiten? Méi Attraktivitéit fir de Standuert Lëtzebuerg oder awer méi Stress fir de Salarié?

auto_stories

4 min

An der Chamber gouf et am Hierscht eng Debatt iwwer eng Petitioun, déi bei gläichem Salaire eng 35-Stonnewoch gefuerdert huet am Plaz vun der aktueller 40 Stonnewoch. Duerch dës Petitioun huet de Sujet neie Schwong kritt, an e kéint en Vue vun de Chamberwalen d'nächst Joer och aktuell bleiwen.

Aarbechtsminister huet eng Etüd an Optrag ginn

Fir de sozialisteschen Aarbechtsminister Georges Engel ass de Sujet delikat: Seng Partei war am Walkampf vun 2018 selwer fir eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit agetrueden, an der blo-rout-grénger Koalitioun gouf et awer kee Konsens fir eng Reduktioun vun der 40-Stonnewoch.

Der Petitioun iwwer d'Verkierze vun der Aarbechtszäit ass de Georges Engel awer zevirkomm. Am Abrëll dëst Joer hat hien eng Etüd an Optrag ginn.

"De Sujet vun der Etüd den ass, eng Analys ze maachen, wat eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit, oder eng Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit géif mat sech bréngen. Wat dat fir Avantagen an Desavantagen hätt fir d'Leit an d'Ekonomie."

De Fuerschungsinstitut LISER, bekëmmert sech ëm dës Etüd an d'Resultater gi fir Ufanks d'nächst Joer erwaart. Duerno soll eng konstruktiv a sachlech Diskussioun driwwer gefouert ginn, wënscht sech de Minister.

FEDIL ass skeptesch

Wien un der Diskussioun sécherlech wäert Deel huelen ass d'FEDIL, d'Federatioun vun den Industriellen an Entrepreneuren. Hiren Direkter, de René Winkin, gesäit d'Verkierzung vun der Aarbechtszäit kritesch.

D'Uspréch vun de Leit wiere ganz verschidden, datt een net fir jiddwereen dat selwecht entscheede kéint, sou de René Winkin. Et wier vermoossen ze mengen, datt een op nationale Plang entscheede kéint, wat fir jiddweree gutt ass. Dozou kéimen nach eng Rei aner Problemer:

"Haut, wann Dir vun uewe erof decidéiert, datt et eng Aarbechtszäitverkierzung gëtt, da provozéiert Dir mol als éischt extrem vill Iwwerstonnen, well d'Aarbecht muss gemaach ginn. Ausser mir akzeptéieren, datt d'Aarbecht net méi gemaach gëtt, oder net méi ganz gemaach gëtt. Oder mir akzeptéieren, datt de Stress, fir an de verbleiwende Stonnen déi selwecht Aarbecht gemaach gëtt, erop geet."

Attraktivitéit fir de Standuert Lëtzebuerg?

Suergen, déi den Aarbechtsminister verstoe kann, awer net deelt. Hien wier net der Meenung, datt de Stress erop géif goen an et der Ekonomie schuede géif, esou de Georges Engel.

Et sollt een awer d'Etüd ofwaarde fir dat genau beleeën ze kënnen. Fir de Georges Engel zielen iwwerdeems aner Argumenter:

"Dir wësst, datt mir hei zu Lëtzebuerg ganz vill vun eisem Grenzgebitt liewen, vun deene Leit, déi aus dem Grenzgebitt schaffe kommen. A fir Lëtzebuerg weider attraktiv ze maache mengen ech, datt sécherlech eng d'Diskussioun iwwert eng Aarbechtszäitreduktioun dozou ka bäidroen."

FEDIL fäert nach méi Manktem un Aarbechtskraaft

D'FEDIL fäert awer, datt de Manktem u qualifizéierter Main d'oeuvre net of-, mee bäihëlt. Ausserdeem wieren a leschter Zäit schonn eng ganz Rei Mesurë geholl ginn, fir d'Aarbechtszäite méi flexibel ze maachen, mengt de René Winkin.

"Wat mir gesinn, dat ass, datt vill Betriber der Meenung sinn, si kënnen net mol op Betribsniveau fir all Mënsch dat selwecht maachen. Dofir gëtt eigentlech de Moment méi gekuckt, ee Kader ze hunn, wou dann de Salarié Optiounen huet, wou hie ka soen: ech gi méi an déi Richtung, ech gi méi an déi."

Zu engem flexibele Kader gehéieren och déi nei Congés speciauxen, déi a leschter Zäit agefouert gi sinn.

Ee komplext Theema

De René Winkin weist sech dann och net verwonnert, datt d'Petitioun sou vill Succès hat. Schliisslech wéilt jiddweree manner schaffen, an dobäi awer net manner verdéngen. Ënner dem Stréch géif hei ee komplext Theema vereinfacht ginn, mengt de René Winkin.

Dem Aarbechtsminister Georges Engel no wier dat awer net de Fall. D'Leit wiere responsabel genuch ze wëssen, wat et bedeite géif, manner ze schaffen. Allgemeng wier et wichteg, iwwerhaapt mol eng Diskussioun zu dem Theema ze féieren.

Wéi eng eventuell Aarbechtszäitverkierzung herno kéint ausgesinn, dat misst een da kucken, esou den LSAP-Minister.

Op jiddwer Fall wier fir hien d'40-Stonnewoch näischt, wat a Stee gemeesselt ass, an dofir kéint a sollt een och de Sënn an Zweck dovunner diskutéieren. Op eng genee Zuel wëll awer och de Georges Engel sech net festleeën.