Radioen

On air

9 bis 1  |  King Tuff - Tell Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 315 Verkéiersdoudeger an zéng Joer

Verkéierssécherheet

315 Verkéiersdoudeger an zéng Joer

Tëschent 2012 an 2021 hunn zu Lëtzebuerg 315 Persounen hiert Liewen bei Verkéiersaccidenter verluer. Eleng d'lescht Joer si 24 Mënsche bei oder un de Suitte vun engem Accident gestuerwen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Tëschent 2012 an 2021 goufen 2.700 Persoune schwéier a ronn 9.700 Persoune liicht blesséiert.Déi meeschten Accidenter gouf et an de Kantone Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht - mat ronn Dräivéierel de Gros dovunner awer Accidenter mat liicht Verletzen.

Déi meescht déidlech Accidenter gouf et an de Kantone Wolz, Réiden a Klierf. Déi schlëmmste sinn d'Accidenter wou en Auto mat engem Bam zesummestéisst. Hannendru kéim d'Chute vu Motorrieder, esou de Statec.

Vitess als ee vun den Haaptgrënn

Déi heefegst Ursaach fir Accidenter ass mat bal 30 Prozent ze héich Vitess, duerno kommen Alkohol um Stéier a Feeler vis-à-vis vun Foussgänger, déi jeeweils fir e Sechstel vun den Accident responsabel sinn.

En Drëttel vun den Doudesaffer bei Accidenter hate kee Sécherheetsgurt un. Um Récksëtz hat e Véierel vun de Passagéier, déi schwéier respektiv déidlech blesséiert goufe kee Gurt un.

Fraen dinn dësen iwweregens méi dacks un ewéi Männer - mat 92 am Géigesätz zu 84 Prozent vun de Fäll.

am Beruffsverkéier passéieren déi meescht Accidenter

D'Hallschent vun den Accidenter sinn op Stroossen an den Uertschafte passéiert, e Drëttel baussent den Uertschaften a just 8 Prozent op den Autobunnen.

Déi meescht Accidenter passéiere Moies an Owes zu Zäite vum Beruffsverkéier. Ma déi schroost geschéien awer Nomëttes tëschent hallwer Zwou an hallwer Fënnef an tëschent Mëtternuecht a 4 Auer Moies - a meeschtens um Weekend.

Bal d'Hallschent dovunner bei wéineg Verkéier. Allgemeng gëllt: Wat méi Autoen ënnerwee sinn, wat et manner Accidenter a manner schwéier Accidenter ginn, stellt de Statec fest.