Radioen

On air

De Weekend  |  Solange - Cranes In The Sky

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 28 Prozent vun den Awunner hunn 2022 gefëmmt

ILRES-Ëmfro

28 Prozent vun den Awunner hunn 2022 gefëmmt

Den 31. Mee ass de Weltdag ouni Tubak. Am Virfeld dovu gouf eng nei Ëmfro iwwer d'Situatioun hei am Land presentéiert. 28 Prozent vun den Awunner hunn 2022 gefëmmt, an ee Fënneftel vun der Populatioun huet all Dag gefëmmt. Dat sinn Resultater aus dëser representativer Ëmfro, déi d'ILRES am Optrag vun der Fondation Cancer a vum Gesondheetsministère gemaach huet.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Domat leien d'Haaptresultater op engem änlechen Niveau wéi 2021. Leider wier een nach ëmmer bei 28 Prozent Fëmmerten, huet d'Directrice vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes bedauert.

"Bon wann ee positiv ass, seet een, et sinn och 72 Prozent vun de Leit, déi net fëmmen. 28 Prozent ass awer eigentlech vill ze vill héich, och am Verglach mat deem, wat an deenen anere Länner leeft, ass et einfach een héije Chiffer."

20 Prozent vun den Awunner - oder 130.000 Leit - fëmmen all Dag. Dat sinn déi héchste Wäerter aus de leschten zéng Joer.

De Konsum vun der e-Zigarett ass staark geklommen

Staark geklommen ass och de Konsum vun der elektronescher Zigarett bei deene Jonken tëschent 16 a 24 Joer. 13 Prozent vun den Net-Fëmmerten hu bei der Ëmfro gesot, all Dag vum Passiv-Fëmme betraff ze sinn.

Zu de Resultater huet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert fest gestallt. Lëtzebuerg wier net gutt, wat den Tubak-Konsum ugeet. De Progrès wier och net deen, deen si gären hätten, ënnersträicht d'Paulette Lenert. Lëtzebuerg géif nëmme ganz lues viru kommen.

Zefridde gewisen huet d'Ministerin sech doriwwer, datt d'Regierungs viru gutt engem Mount hiren Accord ginn huet, fir de Präis vum Pak mat 20 Zigaretten a vun der Tut vu 50 Gramm Tubak an Zukunft 20 Cent méi deier ze maachen. Dëst wier bescheiden an nëmmen een éischte Schrack, erkläert d'Paulette Lenert.