Et kéint een och net soen, datt ee lo rëm op engem Niveau wéi virun der Pandemie wier, sou de Pascal Peters. 2019 goufen alles an allem eng 38.000 Infraktioune gezielt. 2022 wieren et der bal 55.000 gewiescht.
Residenzen am Viséier vun den Abriecher
Bei den Abréch wier d'Zuel zwar konstant, mee opfälleg wieren hei d'Zuel un Abréch a Residenzen, konstatéiert de Pascal Peters.
"Dat ass wierklech e Phänomen, dat mir dëst Joer hunn: alles wat Residenzen a Kellere sinn. Do hu mir a verschiddene Regioune 50 Prozent vun den Abréch, déi op dat Phänomen zeréckzeféiere sinn."
Oft wier et fir d'Abriecher nach ze einfach a Residenz-Haiser ze kommen, beklot de Pascal Peters.
Online-Bedruch: Police setzt op Opklärung
Ee weideren, méi neie Phänomen, wier Investissements-Bedruch, esou de Marc Wagner, Chef vum Service Judiciaire vun der Police.
Online iwwerzeegen d'Täter hier Affer dovun hier Suen ze investéieren. Soubal dann éischt Payementer gemaach goufen, ginn engem Problemer virgetäuscht: Séier lant een an engem Däiwelskrees.
Wann d'Sue bis iwwerwise sinn, ass et och schwéier, dat erëm zréckzekréien. Dem Marc Wagner no leet d'Police de Fokus dofir op Präventioun. D'Opklärung misst am Kollektiv geschéien.
"Repetitiv, well een ëmmer rëm et muss widderhuelen, fir datt een e Maximum vu Leit och erwëscht. An Evolutiv, well d'Täter natierlech och net schlofen a si ëmmer rëm ganz nei Approchen entwéckele fir un d'Suen vun hirem Affer ze kommen."
D'Police gëtt verschidden Erklärungen dofir, datt d'Zuelen un Infraktiounen sou staark geklomme sinn. Ënner anerem géingen d'Leit ëmmer méi op d'Online Plattform E-Kommissariat zeréck gräifen, fir Delikter ze mellen. Doduerch géingen der och méi gemellt ginn.