Radioen

On air

Notturno  |  Luke Temple - Don't Call Me Windy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 25 Prozent Bio-Landwirtschaft an der EU bis 2030

Landwirtschaft

25 Prozent Bio-Landwirtschaft an der EU bis 2030

Bis 2030 soll ee Véierel vun de Felder a Wisen an der EU biologesch exploitéiert ginn. D'Agrarministeren aus den 27 EU-Länner hunn haut den Aktiounsplang vun der EU-Kommissioun adoptéiert, deen dat Zil proposéiert. Deemno misst sech d'Biolandwirtschaft bis 2030 bal verdräifachen - a ville Länner, dozou gehéiert Lëtzebuerg, gëllt et hei ee grousse Retard opzehuelen.

auto_stories

3 min

De Wee fir bei 25 Prozent Bio-Landwirtschaft ass fir Lëtzebuerg nach wäit. Foto: Bigstock / AlexandrMusuc

Lauschterenplay_arrow


D'Ënnerscheeder an der EU si grouss. Et gëtt Länner, déi ewéi Malta bal bei Null ufänken, anerer wéi Schweden oder Estland leie bei iwwer 20 Prozent.

Bis elo kënnt just de Spëtzereider Éisträich op déi bis 2030 uviséiert 25 Prozent Bio-Landwirtschaft. Déi ëffentlech Hand spillt eng wichteg Roll, sot zu Bréissel déi éisträichesch Landwirtschaftsministerin Elisabeth Koestinger. Hei wéilt ee bis 2025 op 30 Prozent Bio-Landwirtschaft, a bis 2030 souguer op 55 Prozent erhéijen.

D'Produktioun muss an d'Luucht goen

Ee Signal, dat dofir suerge soll, datt d'Produktioun erhéicht gëtt. Dat ass den Ament ee Schwaachpunkt an der EU, erkläert den EU-Kommissär Janusz Wojciechowski. Aktuell géif et méi Bio-Land ewéi Bio-Produktioun ginn an hei misst een och usetzen.

Dat gëllt och fir Lëtzebuerg, seet de Lëtzebuerger Agrarminister Romain Schneider. Et wier dohier primordial fir d'Demande no Bio-Produiten ze encouragéieren an ze stimuléieren, et wier wichteg de Consommateur ze sensibiliséieren.

Ee wäite Wee fir Lëtzebuerg

Lëtzebuerg läit den Ament bei eppes iwwer fënnef Prozent Bio-Landbau a wëllt sengem nationalen Bio-Aktiounsplang no bis 2025 op 20 Prozent kommen. Et feelt bis elo u Koordinatioun, hat déi lescht Woch Daniela Noesen, Direktesch vun der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg, op eiser Antenn gesot. Déi eenzel Moossname misste sënnvoll matenee verknäppt ginn.

Vu fënnef op 25 Prozent am Joer 2030 - dat ass net nëmmen am Grand Duché nach ee wäite Wee.

Käfeghaltung soll verbuede ginn

Och am Déiereschutz wëllt d'EU ee Schratt virugoen. Ënner anerem soll d'Haltung a Käfeger bis 2027 ganz verbuede ginn. 1,5 Millioune Leit haten am Kader vun enger Europäescher Biergerinitiativ esou ee Verbuet gefuerdert. D'Europaparlament hat sech deem ugeschloss.

Lauschterenplay_arrow

Aktuell géifen eng 300 Milliounen Déieren a Käfeger geziicht ginn, esou déi franséisch gréng Carline Roose den 10. Juni an der Plenière vum Europaparlament. Gréisstendeels wieren dat Hénger, Kanéngercher, Schwäin oder Inten. Ee Gros vun hinne wäert an hirem Liewen ni richtege Buedem ze spiere kréien. D'Europäesch Kommissioun huet reagéiert an esou ee Verbuet fir 2027 annoncéiert.

Doutmaache vu Jippelcher

Diskutéiert gouf och driwwer, d'Doutmaachen vu männleche Jippelcher an der EU ze verbidden. Dat wier leider eng gängeg Praxis, well et net genuch rentabel Debouchéë fir Pouletsfleesch gëtt, sou de Romain Schneider.

Et misst een also an d'Recherche vun neien Technologien oder nei Rasse vun Hénger investéieren, fir datt dës Praxis, déi eethesch net ze vertriede wier, en Enn hätt, esou de Lëtzebuerger Agrarminister. Et géif schonn Alternative ginn, huet de franséischen Agrarminister Julien Denormandie betount: sou kéint ee schonn am Ee erkennen, ob d'Jippelche männlech oder weiblech wäert ginn.

Ekonomesch Suitte fir Baueren

D'Ministeren fuerderen och Minimum u Standarde fir d'Haltung vu Schnuddelhénger. Déi gëtt et bis elo an der EU net. D'Kommissioun soll déi dräi Voleten an d'Revisioun vun der Déiereschutzdirektiv integréieren.

Allerdéngs misst och eng Analys iwwer déi ekonomesch Suitten gemaach an eventuell Entschiedegungen fir d'Baueren virgesi ginn, sou d'Konklusioun vun den EU-Agrarministeren.