De Mobilitéitsminister François Bausch erkläert, datt wann d'Investissementer bis do wieren, kéint zum Beispill op der Streck Thionville-Lëtzebuerg eng Zuchkadenz sinn, an där an de Spëtzestonnen, all siwe Minutten een Zuch géif kommen. Dat wier ee Service deen dozou bäidréit, datt an Zukunft vill manner Leit, déi aus Frankräich op Lëtzebuerg schaffe kommen, mam Auto géife kommen, mee den ëffentlechen Transport benotze géifen.
Gréng Luucht fir ee Finanzéirungsgesetz vun de Schoulbusser
Gréng Luucht gouf et och fir ee Finanzéierungsgesetz mat dem de Service vun de Schoulbusser bis 2028 landeswäit soll garantéiert ginn. 180 Milliounen Euro sinn hei fir d'Kontrakter mat de Prestatairë virgesinn. De Schoultransport gëtt wéinst der Spezialiséierung vun de Schoulen ëmmer méi komplex. Dee Reseau soll onofhängeg vum RGTR-System funktionéieren.
Den CSV Deputéierte Serge Wilmes gesäit hei eng Benodeelegung vun de Landgemengen.
Déi Gemengen déi dacks grouss Flächen awer wéineg Awunner hätten, vill méi héich Käschten hätte fir déi ganz Basisinfrastruktur en place ze setzen a Reseauen a Stroossen ze ënnerhalen. Sou géife rëm zousätzlech Käschten op een duer kommen, dat fir d'CSV net ze acceptéiere wier, erkläert de Serge Wilmes.
Ugeholl gouf och ee Projet mat dem eng international Konventioun iwwer de Stroosseverkéier ofgeännert gëtt. Domadder kritt dat sougenannten automatiséiert autonoomt Steiere vun engem Auto ee gesetzleche Kader.