Fir déi blo-rout-gréng Koalitioun gëllt et virun de Chamberwalen den 8.Oktober nach esou vill Gesetzesprojeten ewéi méiglech gestëmmt ze kréien. Dofir gëtt am Moment op allen Niveauen op Héichtoure geschafft. Eleng dës Woch wieren 33 prioritär Texter an der Chamber gestëmmt ginn, seet de Generalsekretär vun der Chamber, de Laurent Scheeck.
"Nächst Woch sinn der zwielef programméiert fir nach gestëmmt ze ginn. An deene Wochen dono sollen déi aner, déi als prioritär consideréiert ginn, och nach gestëmmt ginn. Sou datt mir an der drëtter Woch Juli normalerweis eis Aarbechte virum Summer och kënnen ofschléissen."
Keng véiert Sëtzungs-Woch am Juli
Fir de ganze Programm ofzeschaffe koum d'Plénière dës Woch schonn ausnamsweis och Moies beieneen, amplaz just Nomëttes. Zousätzlech Sëtzunge wäerten och an den nächste Wochen néideg sinn, erkläert de Laurent Scheeck. Eng véiert Sëtzungs-Woch am Juli wier awer den Ament op alle Fall net virgesinn.
"Woubäi ech de Prinzip awer wëll ënnersträichen, datt d'Chamber ni zoumécht an ëmmer operationell ass. An déi hei Legislatur déi, dauert bis de 24. Oktober a si wäert och do virdrun net eriwwer sinn. An d'Chamber wäert ëmmer do sinn, zemools wann et néideg ass, wann Urgencë wieren."
Konstruktiv an zilorientéiert schaffen
Wéini oder wéi séier ee Gesetzesprojet duerch d'Chamber geet, hänkt allerdéngs vu ville Facteuren of op déi d'Generalsekretariat vun der Chamber keen Afloss huet.
"Dat hänkt wierklech vun der Aarbechten an de Kommissiounen of. Am Allgemengen, vun den Avise vum Staatsrot, wéi se erakommen, wéi se ausgesinn a wéi d'Chamber sech par Rapport zu deenen Avise positionéiert, wéi séier d'Rapporte fäerdeg ginn. An dann eréischt kann ee kucken, wéini datt een Text an eng Plenière kënnt."
Den Ament géingen déi 60 Deputéiert séier, konstruktiv an zilorientéiert schaffen, esou nach de Generalsekretär vun der Chamber. Wéi eng Texter op der Prioritéitelëscht vun der Regierung stinn, konnt de Laurent Scheeck eis net soen.
Wéi et an enger schrëftlecher Äntwert vum Staatsrot heescht, géing och déi héich Kierperschaft d'Prioritéitelëscht vun der Regierung den Ament a villen zousätzleche Kommissiounssëtzungen opschaffen.