Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sam Evian - Freezee Pops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 212.000 Frontaliere pendelen all Dag iwwer d'Grenz

Aarbechtsmarché

212.000 Frontaliere pendelen all Dag iwwer d'Grenz

Zu Lëtzebuerg schaffe 458.000 Leit, déi grouss Majoritéit dovun huet net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Bal d'Hallschent vun de Leit, déi hei am Land schaffen, wunnen och net zu Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Zuele vum Statec weisen, datt déi grouss Majoritéit vun de Leit, déi hei am Land schaffen, net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Bal d'Hallschent vun hinne wunnt och net hei am Land: 212.000 Frontaliere pendelen nämlech all Dag iwwer d'Grenz - déi meescht dovun aus Frankräich.

Mee och ënnert den 246.000 Residenten, déi eng Aarbechtsplaz hei am Land hunn, huet eng knapp Majoritéit en auslännesche Pass.

D'Zuele vum Statec weisen dann och, datt zanter dem Confinement vun 2020 vill vum Télétravail Gebrauch gemaach. Zwee vu fënnef Salariéen hunn d'lescht Joer vun doheem aus geschafft.

Bannent de leschte 50 Joer ass déi duerchschnëttlech Aarbechtszäit pro Employé konstant erofgaangen, vun iwwer 1.900 op 1.530 Stonnen d'Joer. Grond dofir ass de méi héijen Undeel u Leit, déi nëmmen Deelzäit schaffen, Dräivéierel dovu si Fraen.

Gender Pay Gap geet erof

De Statec huet dann och ausgerechent, datt d'Ënnerscheeder am Salaire tëscht Männer a Fraen iwwer déi lescht 15 Joer staark zeréckgaangen sinn.

An der Privatwirtschaft ginn et op d'Stonn gerechent praktesch keng Ënnerscheeder méi tëscht dem duerchschnëttleche Salaire vu Fraen a Männer.

Allerdéngs ginn et gewësse Beräicher, notamment op der Finanzplaz, am Immobiliësecteur an an de Wëssenschaften, wou deen Ecart iwwerall bei iwwer 20 Prozent läit.

Am Konstruktiounssecteur an am Beräich vun der Konscht an de Fräizäitaktivitéiten, verdéngen d'Fraen pro Stonn iwwerdeems am Duerchschneit méi ewéi d'Männer.