D'Baggerweiere vu Rëmersche sinn op d'mannst emol déi nächst Deeg wéinst Bloalgen zou. Déi "Algen" si Bakterien, déi sech bei waarmem Wieder a Séien a Weiere verbreede kënnen a bei Kontakt schiedlech fir d'Liewer, d'Haut an den Neurosystem sinn. Virum Weekend huet de LIST a senge Kontrollen eng ze héich Konzentratioun am Waasser festgestallt. De Ramon Hemmer, Direkter vun der ASBL Erliefnis Baggerweier schwätzt vun enger katastrophaler Saison. Déi huet am Mee scho mat Reen ugefaangen.
"De Juni war dann sou gutt wéi nach ni. (...) Mir hate relativ schwaach Temperaturen a ganz vill Reen. Do konnte mer ganz wéineg schaffen an dat huet sech an den August eriwwer gezu gehat. An dunn koumen d'Bloalgen."
Et wier awer keng héich Konzentratioun u Bloalge fonnt ginn, hien hofft also, datt een de Weekend nach op maache kéint.
Schwammen am Iechternacher Séi: "Eng Beräicherung"
Een anert Bild zeechent de Ben Scheuer fir den Iechternacher Séi. Den LSAP-Schäffe weist sech ganz zefridden iwwert déi éischt Saison.
"Vum touristesche Plang hir ass et sécher eng Beräicherung. Dat an der Natur schwammen ass immens gesicht. Sief et bei Touristen oder vu Leit déi aus der Regioun kommen."
Zanter Enn Mee kann een zu Iechternach gratis schwamme goen. Offiziell eriwwer ass d'Saison de 15. September.