Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S01E11: David Angel an Enrico Lunghi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlecht Aarbechtsklima bei der Post?

Betribsklima

Schlecht Aarbechtsklima bei der Post?

Nëmme 24 Prozent vun de Mataarbechter bei der Post géifen enger Persoun, déi hinnen nosteet, recommandéiere bei d'Post schaffen ze goen. Wärend 41 Prozent dovu géifen ofroden. Dat ass ee Resultat vun enger Enquête iwwer dat internt Klima bei der Post. Eng Katastroph, seet de President vum Postsyndikat Gilbert Goergen.

auto_stories

2 min

Um Resultat géifen och déi méi positiv Äntwerten op aner Froe wéi "sidd Dir houfreg bei der Post ze schaffen?" oder "gitt Dir gär moies op d'Aarbecht" näischt änneren. Iwweregens gesäit de Gilbert Goergen doran net onbedéngt e Widdersproch.

"E gudden Deel vun de Leit, déi op der Post schaffen, sinn nach Fonctionnaire oder Employé public, an déi hunn eng aner Verbonnenheet (mam Betrib)."

Wann ee sou laang an engem Betrib schafft, da géif een op esou Froen anescht äntwerten, wéi wann een nach net sou laang schafft, sou de Gilbert Goergen.

"Wann et awer elo ëm mäi Kand geet, da géif ech vläicht soen, orientéier dech emol an eng aner Richtung. Well ech och elo e bësse gesi wéi et funktionéiert, wéi d'Zukunft ausgesäit a wéi mer matenee schaffen."

War d'Ëmfro net anonym?

De Gilbert Goergen schléisst och net aus, datt d'Äntwerten zum Deel drop zréckzeféiere sinn, datt d'Ëmfro guer net esou anonym war, wéi behaapt gouf.

"Wann et heescht anonym, an du kriss dann awer nach eemol dräi, véier Maile fir dech drun ze erënneren, datt s de nach näischt geäntwert hues, oder d'Leit ginn duerno geruff a gefrot, firwat se dann esou an esou geäntwert hunn, da si mer awer net méi an der Anonymitéit. An dat ass e richtege Problem."