Radioen

On air

Thé Dansant  |  Brief Encounter - Human

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Indexreform, Pensiounsreform a Business-Frëndlechkeet

Fuerderunge vun der Chambre de Commerce

Indexreform, Pensiounsreform a Business-Frëndlechkeet

Vum Index-Mechanismus bis bei eng méiglech Pensiounsreform: d'Chambre de Commerce huet vill Erwaardungen un d'Politik am Virfeld vun de Chamberwalen. Vermëssen deet een business-frëndlech Téin an der Politik. Dat sot de Generaldirekter vun der Handelskammer, de Carlo Thelen, bei eis am Interview.

auto_stories

2 min

De Carlo Thelen ass de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce. (Foto: Chris Zeien)

Et sollt nëmmen nach maximal eng Tranche pro Joer ausbezuelt ginn, a voller Héicht just bis ee gewësse Gehaltsniveau, an op der Basis vun engem Wuerekuerf, aus deem alles erausgeholl gëtt, wat net nohalteg ass: un deenen dräi Prinzippie sollt eng Reform vum Index sech orientéieren, fuerdert d'Chambre de Commerce.

Den "électeur-entrepreneur" net vergiessen

D'Chambre de commerce vermësst och business-frëndlech Téin an der Lëtzebuerger Politik, an zu engem groussen Deel och an de Walprogrammer, esou de Carlo Thelen. Hien appelléiert un d'Parteien an der Walcampagne net just den électeur-citoyen am Bléck ze hunn, mee och den électeur-entrepreneur. Well dee wier et jo, deen de Räichtum schaaft an domat fir de Wuelstand suergt, erkläert de Carlo Thelen.

"Et ass kloer, datt dee ganze Kader pro Business, dee mir fréier haten, ëmmer méi feelt. Et gesäit ee punktuell Mesuren, mee keng holistesch Approche vu Parteien, déi elo kloer soen: Elo setze mir den Entrepreneur an de Mëttelpunkt, fir deem sengen Erwaardungen a senge Besoine Rechnung ze droen."

Pensiounsreform: "Fréier oder spéider renne mir an eng Mauer"

Iwwerdeems hält d'Chambre de Commerce eng Pensiounsreform fir dréngend noutwenneg: "Fréier oder spéider renne mir an eng Mauer", sou hire Generaldirekter.

Eng Augmentatioun vun de Cotisatioune wier eng Katastroph, déi schlechtst Léisung, well déi niddereg Sozialbäiträg "ee vun deene klengen Avantage (wieren), déi mir nach hunn". Eng Reform misst bei de Prestatiounen usetzen, mengt de Carlo Thelen.

"Et ass net normal, datt den ëffentleche Pensiounssystem Pensioune bis 10.000 Euro de Mount garantéiert. Dofir ass een ëffentleche System net do. Dat gëtt et soss néierens op der Welt."

Ee maximale Montant, deen a sengen Ae verstänneg wier, wollt de Carlo Thelen net nennen. 10.000 Euro wieren awer op jiddwer Fall ze vill.

"Wann een och nach dat duebelt géif gi vun deem, wat an anere Länner bezuelt gëtt, da kann een domat nach liewen. An dat géif eise System och nach hierginn."

Ee Problem wier dem Carlo Thelen no, datt de legale Pensiounsalter bei 65 läit, d'Leit awer effektiv schonn dacks mat ugangs 60 an d'Pensioun géife goen. Géing een deen Ofstand méi kleng maachen, dann hätt ee well vill gewonn, esou de Carlo Thelen.