Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Ankathie Koi - Bora Bora

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eng Fro vun der Zäit

Zwou Gemenge wuessen zesummen

Eng Fro vun der Zäit

Iwwermuer geet d'Zuel vu Gemengen hei am Land ëm zwou Unitéiten op exakt 100 erof. Den 1. September ginn nämlech zwou nei Fusiounen effektiv: Bous-Waldbriedemes a Groussbus-Wal.

auto_stories

2 min

Do géif dru geduecht ginn, eng Fusiouns-Kommissioun ze schafen, déi hëllefe soll dofir ze suergen, datt déi zwee Partner lues a lues zesummewuessen. De Buergermeeschter Paul Engel ass sech awer bewosst, datt dat net vun haut op muer geet.

"Dat ass eng Fro vun der Zäit. An och vum Gefill a vum Wuelbefannen. Wann d'Leit sech wuel fillen, ass de Prozess vill méi séier ze realiséieren. Par conter, wär et net gutt wann d'Leit ufänken onzefridden ze sinn a soen, nondidjëss, virdru war et besser."

Et misst een de Leit dofir e Wuelgefill vermëttelen an d'Vertraue schafen, datt déi Gemengeresponsabel hirt Bescht fir d'Gemeng maachen.

Zil: Méi wéi just eng administrativ Zesummenaarbecht

De Paul Engel seet, datt d'Erausfuerderung elo wier fir dofir ze suergen, datt aus där Fusioun méi gëtt ewéi just eng administrativ Zesummenaarbecht vun zwou fréiere Gemengen ënnert engem neien Numm. Am Fall vu Groussbus-Wal géif d'Saach doduerch erliichtert ginn, datt déi zwee Partner, déi zesummegaange sinn, mat jee ronn 1.100 Awunner d'selwecht grouss waren.

Dat géif sech och an der Zesummesetzung vum Gemengerot weisen, dee sech aus sechs Conseilleren aus Grousbus a sechs aus Wal zesummesetzt.