Wéi üblech, wäerten an noer Zukunft Informatiounsversammlungen an der Regioun organiséiert ginn, warscheinlech eng zu Reisduerf an eng aner zu Iechternach oder Bäerdref. D'Datumer géife geschwënn matgedeelt ginn, sot de Laurent Schley.
Zwee Ruddelen am Hohen Venn
Nach schéngt awer kee Wollef säin definitiivt Revéier hei zu Lëtzebuerg fonnt ze hunn, anescht wéi 50-60 Kilometer nërdlech vun eisem Land, an de belschen Hautes Fagnes, dem Hohen Venn. Do hätt eng Koppel sech dëst Joer scho fir d'Drëtt reproduzéiert.
Eng weider Koppel méi südlech, also méi no bei Lëtzebuerg, hätt sech dëst Joer fir d'éischt reproduzéiert, seet de Laurent Schley. Dofir kéint een am Hohen Venn elo vun zwee Ruddele schwätzen.
Wéi soll ee sech behuelen, wann een e Wollef gesäit?
De Laurent Schley erkläert, datt de Wollef de Mënsch éischter matkritt wéi ëmgedréint, sou datt et guer net zum Kontakt kënnt. Wann et awer zu engem Siichtkontakt kënnt, soll een ëmmer op sech opmierksam maachen.
"Wann de Wollef een net sollt gesinn hunn: haart schwätzen, keng Panik maachen, net fortlafen, sech grouss maachen, d'Äerm an d'Luucht strecken, datt de Wollef ee matkritt, a mierkt: Ah, do ass e Mënsch, da maachen ech mech besser fort."
Schofsziichter kréie Schied kompenséiert
Wéi 1893, also viru genee 130 Joer also, dee leschte Wollef hei zu Lëtzebuerg erluecht ginn ass, du gouf de Jeeër, e gewëssenen Edouard Wolff, dofir gefeiert. Haut sinn Naturschützer frou, datt nees Wëllef an eise Géigenden opkräizen.
Seng Presenz huet Virdeeler, awer och Nodeeler, wann zum Beispill Schof gerass ginn. De Laurent Schley betount, datt Schofsziichter da wéinstens hire Schued finanziell kompenséiert.