Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - H.O.O.D (2025 Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Samuel Ruben: Lëtzebuerg ass eng "Demokratie vu Proprietären"

Analys vun der Lëtzebuerger Logementspolitik

Samuel Ruben: Lëtzebuerg ass eng "Demokratie vu Proprietären"

Zanter 70 Joer wier d'Lëtzebuerger Logementspolitik drop ausgeluecht, de Leit derbäi ze hëllefen, Proprietär vun hirer Wunneng ze ginn. Dat ass eng vun den Theesen an engem Buch, dat den Ekonomist Samuel Ruben viru kuerzem publizéiert huet.

auto_stories

2 min

Déi Politik hätt derzou geféiert, datt Lëtzebuerg haut eng "Demokratie vu Proprietären" ass: 70 Prozent vun alle Leit si Proprietär. Souguer 80 Prozent vun de Lëtzebuerger a méi wéi 50 Prozent vun den Auslänner. An dat wier och gutt esou, a sollt roueg esou bleiwen, sou de Samuel Ruben bei eis am Interview.

"Si on prend les Luxembourgeois qui sont propriétaires à 80 % aujourd'hui, c'est une façon de dire: On possède chez nous! Et pour les étrangers, qui sont très nombreux dans le pays, être propriétaire c'est aussi une façon de vivre l'attachement à un pays. Un signe d'intégration."

Ware finanziell Hëllefen ëmmer néideg?

D'Lëtzebuerger Logementspolitik wier also drop ausgeluecht, de Leit derbäi ze hëllefen, Proprietär vun hirer Wunneng ze ginn. De Samuel Ruben kritiséiert dat och net, fënnt et souguer gutt a richteg, freet sech awer, ob déi zum Deel generéis Hëllefen, déi de Staat ginn huet, ëmmer néideg waren.

"Lorsque, après la crise de 2008 et la crise de l'euro, les taux d'intérêt baissent drastiquement, automatiquement le pouvoir d'achat immobilier augmente (puisque le coût du crédit baisse). À ce moment-là des aides dont tout le monde peut bénéficier ne sont pas expression d'une politique anticyclique, disons-le comme ça. Les aides n'étaient pas nécessaires à ce moment-là."

Mat bëssen Ofstand zu där Kris misst ee feststellen, datt een de Stéit, déi an den zéng Joer no der Kris eppes kafe wollten, net hätt sollten hëllefen, mengt de Samuel Ruben.

"Et maintenant que les taux ont beaucoup augmenté, c'est maintenant qu'il aurait fallu mettre le maximum d'aides. Mais évidemment c'est plus facile à dire après ..."


D'Buch vum Samuel Ruben iwwer d'Logementspolitik ass net an de Bicherbutteker ze fannen. Dir kënnt et awer direkt beim Auteur bestellen ënnert der E-Mail-Adress samuel.ruben@outlook.fr .