Radioen

On air

Tockcity  |  Jack Harlow - Hello Miss Johnson

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aktiounsplang fir d'Psychiatrie: "Eng ganz kloer Prioritéit muss gesat ginn"

Santé

Aktiounsplang fir d'Psychiatrie: "Eng ganz kloer Prioritéit muss gesat ginn"

De Problem vun der Psychiatrie hei am Land wier net an éischter Linn ee Problem vun ze mann Dokteren an deem Beräich. Et wier éischter eng Konsequenz dovun, datt déi mental Gesondheet laang Zäit net wichteg genuch geholl gi wier. Dat seet de President vun der Associatioun vun de Psychiateren, Kannerpsychiateren a Psychotherapeuten (SLPPP), den Dokter Paul Hédo, hei op der Antenn.

auto_stories

2 min

De President vun de Lëtzebuerger Psychiatere begréisst den Aktiounsplang vun der Regierung fir eng besser prise en charge vu Leit mat psychesche Problemer - egal ob Kanner oder Erwuessener - ze garantéieren. Elo géif et awer drëms goen, deen exhaustive Plang och ëmzesetzen, Schrëtt fir Schrëtt, mat de richtege Prioritéiten, sou den Dokter Paul Hédo.

"Dee Plang huet de Merite, datt e probéiert ganz exhaustiv ze sinn. En huet awer de Risiko, datt ee vläicht vu lauter Beem dono de Bësch net méi gesäit. An dofir soe mir: Et musse kloer Prioritéite kommen, a virun allem eng politesch prise de conscience an och e klore politeschen Optrag."

Ee Meilesteen?

Ob dee Plang deen "Meilesteen" gëtt, fir deen d'Gesondheetsministesch e bei der Presentatioun duergestallt hat, misst een awer nach gesinn, gëtt den Dokter Paul Hédo ze bedenken.

"Ee Meilesteen ass jo eppes, wat ee gesäit, wann een op engem Wee ass. Wa mir beim Meilestee stoe bleiwen... Ech wëll elo kengem ënnerstellen, datt dat eventuell ee Risiko ass... Wat awer muss kommen, dat ass datt eng ganz kloer Prioritéit muss gesat ginn - ganz séier - op verschidden Aktiounen, déi an deem Plang virgesi sinn."

Verschidden Aktioune wieren "nice-to-have", anerer wiere senger Meenung no awer absolut wichteg fir där am Moment problematescher Versuergungslag hei am Land besser gerecht ze ginn, preziséiert den Dokter Paul Hédo.