Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - Anyway The Wind Blows

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Ombudsman hofft, datt "d'Situatioun zu Dräibuer sech verbessert huet"

Jugendschutz

D'Ombudsman hofft, datt "d'Situatioun zu Dräibuer sech verbessert huet"

D'Ombudsman Claudia Monti wëllt wëssen, ob sech an der Erzéiungsanstalt zu Dräibuer eppes geännert huet, zënter si der Direktioun eng Rei Verbesserungsvirschléi gemaach hat. D'Ombudsman hat virun iwwer engem Joer an engem Spezialrapport ënnert anerem drop higewisen, datt besser ausgebiltent Personal a méi kloer Reegelen zu Dräibuer néideg wieren.

auto_stories

1 min

D'Claudia Monti seet, si géif sech deemnächst un d'Direktioun vum Zënter zu Dräibuer adresséiere fir gewuer ze ginn, ob hir Recommandatioune mëttlerweil ëmgesat goufen.

"Ech hoffen, datt et sech verbessert huet. Och wa mer elo nach kee Jugendstrofrecht hunn. Mir hunn awer Leit do, ëm déi mer eis musse këmmeren."

Claudia Monti: Zesumme mam Okaju eng Analys maachen

Normalerweis géif den Ombudsman een, zwee Joer no engem Rapport analyséieren, ob d'Recommandatiounen ëmgesat gi sinn, si fäert awer, datt "verschidde Saachen e bësse Retard kritt hunn".

"Mee, wat mer elo mam Okaju wäerte maachen, dat ass: Mir wäerte froen, datt se ons elo emol soen, wat bei hinnen um Terrain gemaach ginn ass - Preuve à l'appui."