Radioen

On air

Moiesstudio  |  Biig Piig - Favourite Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verwarnung fir RTL: D'ALIA bléift bei hirer Decisioun

Medial Couverture vun de Gemengewalen

Verwarnung fir RTL: D'ALIA bléift bei hirer Decisioun

De President vun der ALIA verdeedegt d'Decisioun vun der Medienautoritéit fir eng Verwarnung géint RTL auszeschwätzen. "Mir sinn iwwerzeegt, datt déi Decisioun richteg ass, soss hätte mir se net esou geholl," esou den Thierry Hoscheit hei op der Antenn.

auto_stories

2 min

D'ALIA geheit RTL Radio vir de Sender hätt deene Gréngen een Dag virun de Gemengewalen ze vill Plaz op der Antenn ginn. D'Mammenhaus vun RTL Lëtzebuerg ass net averstane mat der Decisioun a préift juristesch Schrëtt dogéint. Den Thierry Hoscheit betount awer, d'ALIA géif bei hirer Decisioun bleiwen:

"Wann den Tribunal administratif herno géif eng aner Appreciatioun maache, wéi déi, déi mir gemaach hunn, da misste mir eben domadder liewen. Mee de Moment si mir eben der Meenung, datt eis Appreciatioun déi richteg ass."

Eng redaktionell Fräiheet mat Grenzen

Doriwwer eraus betount den Thierry Hoscheit och, datt déi redaktionell Fräiheet vun RTL hätt och hir Grenzen hätt. Et misst alles an ee Kontext gesat ginn. Dee Kontext wier an dësem Fall d'Wale gewiescht. Wichteg wier hei déi equilibréiert Representatioun vun de Parteien.

"An do muss een dat eent mat dem aneren ofweien. An Dir (radio 100,7), RTL, hutt dann och nach eng mission de service publique. An alles zesummen an d'Wo gehäit komme mir zur Conclusioun, déi Emissioun do, hätt den Dag net dierfen esou ausgestraalt ginn."

D'Mammenhaus vun RTL Lëtzebuerg ass awer net averstane mat der Argumentatioun vun der ALIA. CLT-UFA sot eis op Nofro hin, et géif am Moment gepréift ginn, op ee juristesch géint de Blâme vun der ALIA soll virgoen.