Et géif eng Vermëschung vun objektiven a subjektive Krittäre gemaach ginn, woubäi déi subjektiv Critèren déiselwecht Gewiichtung hätte wéi déi objektiv.
"Dat geet net. Et kann een net erwaarden, datt d'Presentatioun vun enger Moolzecht, déi jo no Stëmmung a Laun vun der betraffener Persoun als gutt oder manner gutt empfonnt gëtt, déi selwecht Gewiichtung huet an der Qualitéits-Bewäertung wéi de respektvollen a strikten Ëmgang mat de sanitären oder hygienesche Reegelen."
Donieft géif duerch dee Bewäertungssystem den administrativen Opwand fir d'Alters- a Fleegeheemer vill méi héich ginn. Dat kascht Zäit a Personal an dat géif riskéieren sech um Enn an de Präisser an deenen Ariichtungen erëm ze spigelen, sou nach de COPAS-President Marc Fischbach.
E Kollektivvertrag fir de Secteur
D'Prestatairen am Beräich vun der Betreiung a Fleeg vun eelere Leit hätten ëmmer méi Schwieregkeeten, Personal ze fannen, sou de President vun hirem Daachverband COPAS. De Marc Fischbach fäert, datt de Probleem sech ëmmer weider verschäerft. Dofir wier déi nächst Regierung gefuerdert, ganz séier massiv an eng breet ugeluecht Sensibiliséierungscampagne ze investéieren, fir jonk Leit fir d'Gesondheets- a Fleege-Beruffer ze begeeschteren
Déi Efforte géifen awer nëmme Sënn maachen, wann d'Personal aus sengem Secteur déi selwecht Konditiounen offréiert kréich wéi d'Mataarbechter am Spidolssecteur, sou de Marc Fischbach. Am Moment ginn et zwee verschidde Kollektivverträg.
"Hei muss d'Bereetschaft do sinn fir eng Léisung ze fannen, déi tendéiert zu engem eenheetleche Kollektivvertrag, deen an eisen Aen och d'Léisung ass fir e bessere Rekrutement vum Personal."