Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Childish Gambino - Atavista

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alphabetiséierung op Franséich soll landeswäit ugebuede ginn

Educatioun

Alphabetiséierung op Franséich soll landeswäit ugebuede ginn

Zu Lëtzebuerg wuesse 67,7 Prozent, also gutt zwee Drëttel vun der Kanner aus dem Fondamental an enger Famill op, an där d'Lëtzebuergescht net déi éischt Sprooch ass. Bei där gesellschaftlecher Realitéit wier et u sech evident, datt an der Grondschoul och eng Offer vu franséischer Alphabetisatioun gemaach gëtt, seet den Educatiounsminister Claude Meisch.

auto_stories

2 min

Zënter der leschter Rentrée leeft jo een deementspriechende Pilotprojet a véier Schoulen. Ee Pilotprojet eleng géif awer net duergoen, seet de Claude Meisch. Et wier néideg fir déi richteg Conclusiounen ze zéien an déi dann och no an no an den traditionelle Schoulsystem ze iwwerdroen. Dee Moment misst ee sech och eng Rei Froe stellen.

Zum Beispill: Wat muss organisatoresch a pedagogesch gi sinn? Wat ass vun de Léiermaterialien erfuerdert? Wat fir eng Formatioun brauchen d'Enseignanten?

Zil misst et sinn fir bis d'Schouljoer 2026/2027 "jidderee prett ze hunn" fir de System landeswäit kënnen unzebidden, sou de Claude Meisch.

Net fir e kategorescht Handy-Verbuet a Schoulen

De Claude Meisch ass och net onbedéngt fir en allgemengt Handy-Verbuet an de Schoulen.

"Et ass eng Realitéit an der Gesellschaft, a Schoul huet och ëmmer déi gesellschaftlech Realitéit erëmzespigelen an déi Jonk fit ze maache fir domat eens ze ginn. "

Dofir kéint ee sech d'Fro stellen, ob et richteg wier den Handy an der Schoul strikt ze verbidden, sou den Educatiounsminister.

De Claude Meisch schléisst net kategoresch aus, no de Walen en drëtt Mandat als Educatiounsminister unzestriewen. Hien hätt nach Iddien an och u Motivatioun géif et net feelen. Mee et wier net eleng seng Decisioun, sou de Claude Meisch.