De Mann, dee wéinst Nazi-frëndleche Facebook-Posten an d'Kritik gerode war, hätt seng Parteikaart zréckginn.
"Et ass fir eis awer kloer, datt op eiser Lëscht mat Leit, déi esou eppes posten oder gepost hunn ... dat gëtt scho ganz schwiereg."
De Fred Keup huet och nach präziséiert, dass dee Concernéierten net just op der ADR-Lëscht am Osten ersat ginn ass, mee och aus der Partei ausgetruede wier.
Causa Roy Reding
Wat de Clinch mam Roy Reding ubelaangt, seet de Fred Keup, den Nach-Deputéierten hätt verlaangt Spëtzekandidat am Zentrum ze ginn. Dat hätt d'Partei him awer net wëllen zougestoen, well hie souwuel an der Chamber wéi och an de Parteigremien nëmme ganz wéineg present gewiescht wier an de leschte Joren. A well et an der ADR och d'Suerg gouf, de Roy Reding wier an Affäre verstréckt, déi der Partei nach vill Schued kéinte maachen.
"Et weess een net, wat do nach alles kënnt. Wahrscheinlech net näischt."