Wann eng Entreprise géint d'Konkurrenzrecht verstéisst, ka si (laut Gesetz) eng Amende an enger Héicht vu bis zu zéng Prozent vun hirem Jores-Ëmsaz kréien. Et gëtt awer och e sougenannte "programme de clémence".
"Et kann een och evitéiere fir Strofen ze bezuelen. Ugeholl, Dir sidd iwwer Joren an engem Kartell mat dran an Dir kritt op eemol kal Féiss, wann Der da bei eis kommt a voll kooperéiert, an eis erkläert wéi dee Kartell iwwer Jore funktionéiert huet, da kënnt der deelweis oder komplett stroffräi dervu kommen."
Natierlech muss ee sech dofir selwer denoncéieren, an net eréischt alles zouginn wann et souwisou schonn opgeflunn ass, sou nach de Pierre Barthelmé, de President vun der Konkurrenz-Autoritéit.
Gutt Grënn fir sech ze auto-saiséieren
D'Konkurrenz-Autoritéit hätt vu sech aus decidéiert, de Secteur vun de Wunn- Immobilien a säi Fonctionnement ze analyséieren. Dat seet hire President Pierre Barthelmé am 100,7-Interview. Hie weist d'Ënnerstellung also zeréck, déi sektoriell Enquête iwwert dee Marché wier eng bestallten Enquête gewiescht. D'lescht Woch hat d'Konkurrenz-Autoritéit hir Conclusioune presentéiert. An déi haten nawell fir Gedäisch gesuergt huet.
D'Gesetz gesäit vir, datt sech d'Autoritéit auto-saiséiere kann, wann Indicë wéi de Präis, d'Offer oder d'Demande, drop schléisse loossen, datt d'Konkurrenz am Marché net A mat der Explosioun vun de Präisser um Wunnengsmaart wiere kloer Unzeechen ze erkenne gewiescht, sou de Pierre Barthelmé.
"Wann tëscht 2010 an 2019 d'Präisser vun den Terrainen all Joer ëm siwe Prozent an d'Luucht ginn, déi vum Logement ëm sechs Prozent, wann d'Offer méi kleng ass wéi d'Demande, wann 0,5 Prozent vun der Populatioun d'Hallschecht vun den Terrainen hunn, waren dat fir eis Indicë genuch fir eis ze auto-saiséieren an ze kucke wéi dee Marché funktionéiert."