Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Busty And The Bass - Out Of Love Feat. Macy Gray

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frank Engel: D'Ierfschaftssteier bleift een Theema

Logement

Frank Engel: D'Ierfschaftssteier bleift een Theema

Hie wier ëmmer nach der Meenung, datt een iwwer eng Ierfschaftssteier hei am Land nodenke sollt. Dat seet de Fokus-Spriecher Frank Engel am 100,7-Interview. Als CSV-President war hie jo a senge Reie mat engem Virstouss an déi Richtung gescheitert.

auto_stories

1 min

Seng nei Partei huet sech dozou elo nach net definitiv geäussert, wéilt awer d'Ierfschaftssteier, déi et schonn zu Lëtzebuerg gëtt obscho se net esou heescht, fir d'éischt emol ofschafen.

Et géif hei drëms goe fir Gerechtegkeet hierzestellen, tëscht deene Leit, déi am Fall vun enger Ierfschaft ënner Verkafszwang sinn - a beim Verkaf och op der Plus-Value besteiert ginn - an deene Leit, déi net direkt verkafe mussen an also steierfräi ierwen.

Immobiliekredit: Diskriminatioun vu Leit aus dem Privatsecteur ofschafen

Et kéint net sinn, datt Staatsbeamte méi liicht un en Immobiliëkredit komme wéi Leit, déi am Privatsecteur schaffen. Dofir wëll Fokus d'Banken iwwer Gesetz dozou zwéngen, där Diskriminatioun en Enn ze setzen.

"Et ass e fundamentaalt Recht vun all Mënsch, sech e Patrimoine opzebauen. Dat kënne mer net op eng Kategorie vu Leit limitéieren."

An deem selwechte Sënn soll de Banken och virgeschriwwe ginn, vu Clienten net méi wéi 75.000 Euro eegenen Apport däerfen ze froen, wa se eng Millioun geléint wëlle kréien.